
D'Police hat en Donneschdeg e puer Asätz wéinst Déifställ am ganze Land. Dobäi goufen ënner anerem zwee Iwwerfäll op Butteker an der Stad opgekläert, wärend och a verschiddene Fäll vun Abréch an Autoen ermëttelt gëtt. Parallel dozou huet d'Police eng Verkéierskontroll am Kader vun der nohalteger Mobilitéit duerchgefouert.
En Donneschdegmëtteg gouf en Déifstall an engem Geschäft zu Gaasperech gemellt. Éischten Informatiounen no haten zwou Frae verschidde Kleedungsstécker geklaut. Déi Verdächteg konnte kuerz drop vun enger Policepatrull ugetraff a fir weider Ënnersichungen op de Policebüro bruecht ginn.
Méi spéit de selwechten Nomëtteg gouf en aneren Déifstall an der Stater Groussgaass gemellt. Do soll e Mann zesumme mat engem Kompliz e Polo aus engem Buttek geklaut hunn. Och si konnte vun der Police ugetraff an op de Policebüro bruecht ginn.
A béide Fäll gouf e Protokoll erstallt.
Zu Schengen ass dann e Mëttwochnomëtteg an en Auto agebrach ginn. Dem éischte Bilan no huet den Täter eng Fënster ageschloen, den Auto duerchsicht an eng Poche geklaut. Op der Aire de Capellen huet sech e Freideg de Moien en onbekannten Täter Zougang zu engem Camion verschaaft a verschidde Pallette mat Produite geklaut.
Och an dësen zwee Fäll leeft d'Enquête.
Donieft huet d'Police de 7. Mee Verkéierskontrolle mam Schwéierpunkt "Mobilité douce" zu Diddeleng an zu Beetebuerg organiséiert. Kontrolléiert gouf ënner anerem an der Rue G.-D. Charlotte, an der Rue de l'Abattoir an op der Route de Luxembourg zu Diddeleng, souwéi och beim Parc Jacquinot a bei der Gare zu Beetebuerg.
Am Ganze goufen 21 Persoune kontrolléiert. A siwe Fäll goufe Verstéiss géint de Code de la route festgestallt. A sechs Fäll hunn d'Besëtzer op hiert Fortbeweegungsmëttel fräiwëlleg ofginn, an engem Fall gouf et op Uerder vum Parquet saiséiert.