
"Den Här Kartheiser ass net mäi Porte-Parole, a mir soen et kloer: Ier et Verhandlunge ginn, muss et eng Volontéit fir Fridde gi vu russescher Säit, an déi ass am Moment net do", esou reagéiert den Ausseminister Xavier Bettel op ee Bréif vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser. Dësen hat jo alleguerten d'EU-Parlamentarier ugeschriwwen an op eng Rees a Russland invitéiert. Dat huet Politico en Donneschdeg de Moie gemellt. De Fernand Kartheiser ass jo bekannt fir seng Proximitéit zu Russland, a steet dowéinst och reegelméisseg an der Kritik. Wéinst Reesen a Russland an Echange mat russesche Politiker ass den ADR-Politiker dann och aus senger Fraktioun am EU-Parlament ausgeschloss ginn.
A sengem Bréif un d'EU-Parlamentarier huet hien ënnert anerem uginn, datt Länner wéi d'Belsch an och Lëtzebuerg Gespréicher mat Russland géife fuerderen. Do drop reagéiert de Xavier Bettel esou:
"Da muss ee fir d'éischt eng bonne volonté op d'mannst vu russescher Säit weisen, dass och e Wonsch do ass, fir Fridden ze kréien. Am Moment huet een null null null Unzeechnen, dass dat och de Wonsch vu Russland ass. Dat heescht, dass een elo géif op Moskau pilgeren, éischtens ouni Mandat, an dat virun allem ouni Demande och souguer vun ukrainescher Säit, géif ech total deplacéiert fannen, och vu menger Säit."
Op Nofro hin hunn déi aner fënnef Lëtzebuerger EU-Deputéiert preziséiert, datt si d'Schreiwes vum Fernand Kartheiser bewosst ignoréiert hunn.