
Wéi grouss ass de finanziellen Impakt vun de méi héijen Dieselpräisser op d'Landwirtschaft? Dat wollt d'LSAP-Fraktioun wëssen an huet dowéinst en Donneschdeg an der parlamentarescher Agrarkommissioun nogefrot.
Dobäi ass raus komm, datt d'Baueren d'Hausse beim Sprit zwar spieren, ma et gëtt awer méi grouss Problemer.
Vu Januar bis Mäerz dëst Joer ass den Dieselpräis ëm 95 Prozent geklommen. Woubäi een deen "normalen" Diesel net mam Agrardiesel verwiesselen dierf. Déi Hausse géing scho ganz vill ausmaachen, esou d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, déi dono nach méi an den Detail gaangen ass.
"D'Dieselkäschte maachen an der Moyenne 3 bis 5 Prozent vun de Käschten an engem Betrib aus. Se maachen natierlech am meeschten an den Akerbaubetriber aus, do ass et an der Moyenne 4 Prozent, beim Wäibau si se am klengsten, do ass et 1 Prozent. A wann ech soen 3 bis 5 Prozent vun de Gesamtkäschten, dat mëscht, mat deem wéi et lo kascht, ronn 12.000 am Duerchschnëtt pro Betrib aus", sou d'Ministesch am Gespréich mat RTL.
Woubäi dee Plus vun 12.000 Euro sech op ee ganzt Joer bezitt.
Virun deem Hannergrond wollt d'LSAP-Deputéiert Claire Delcourt wëssen, ob Lëtzebuerg, änlech wéi verschidden Nopeschlänner, Mesurë géing envisagéieren, fir d'Bauerebetriber ze entlaaschten. D'Martine Hansen huet entgéint, datt Däitschland a Frankräich jeeweils hier Accisen um Agrardiesel no ënne gesat hunn, zu Lëtzebuerg géing et awer guer keng sou Accisë ginn, dowéinst kéint een och keng erofsetzen.
Dobäi kéim, datt den Agrardiesel vun der CO2-Steier ausgeholl wier. Am Grand-Duché wier de Präis dohier nach ëmmer méi niddreg wéi bei den Nopeschlänner.
D'Martine Hansen huet och ze bedenke ginn, datt d'Landwirtschaft net deen eenzege Secteur wier, dee mat héijen Energiepräisser konfrontéiert ass. Iwwert déi Thematik géing elo warscheinlech an der Tripartite souwisou méi breet diskutéiert ginn.
Den DP-Deputéierte Luc Emering huet iwwerdeems gemengt, wann een iwwert d'Situatioun vun de Bauere schwätzt, dierft ee sech net op den Agrardiesel beschränken:"Wa mer aktuell kucke wou mer mat de Kärepräisser dru sinn, déi lo virun zwee Deeg rëm agebrach sinn op der Bourse, wa mer kucken, wat d'Mëllech aktuell kascht par Rapport zum leschte Joer ëm dës Zäit, da gesi mer, datt mer awer op eng grouss strukturell Kris histeieren an der Landwirtschaft, wat déi ekonomesch Situatioun vun de Betriber ugeet."
D'Landwirtschaft wier ganz sécher kee Sujet an der Tripartite, dowéinst misst een iwwerleeën, ob onofhängeg dovu Mesurë fir d'Baueren diskutéiert misste ginn. Spéitstens wa bei der Recolte vun de Kären d'Betriber e puer Honnert Euro den Hektar dropleeë missten, géing et am Hierscht ee grousse Problem ginn, sou de Luc Emering.
D'Martine Hansen huet geäntwert, datt ee sech där Problematik bewosst wier. Schonn d'lescht Joer wier d'Recolte fir d'Kärebaueren ouni staatlech Bäihëllefen defizitär gewiescht an elo wier engersäits de Kärepräis amgaangen ze falen an anerersäits den Düngerpräis amgaangen ze klammen. Et géing een dowéinst u Mesurë schaffen.
"Mir hunn um europäeschen Niveau lo och d'Méiglechkeet, fir de Renure, dat heescht d'Ëmwandlung vun organeschem Dünger a mineraleschen, fir datt mer do manner ofhängeg ginn, och vun den Importer. Dat misst hei zu Lëtzebuerg dann awer nach an d'Nitrat-Direktiv agebaut ginn, fir datt mer vun deem och méi Kilo pro Hektar kënnen asetzen, wann en als mineralesche géing zielen", sou d'Martine Hansen.
Den zoustännegen EU-Kommissär géing an deenen nächsten Deeg en Düngemëttelaktiounsplang presentéieren.
Da war et nach d'Annonce, datt geschwënn ee Gesetz an d'Chamber komme soll, dat de Kader fir temporär staatlech Bäihëllefe reegelt, vun deenen och landwirtschaftlech Betriber wäerte profitéiere kënnen.