Cour d'appel15 Méint Prisong an eng Geldstrof fir e Geiebauer

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel an der Stad gouf e Mëttwoch am Nomëtten an enger Affär vun Abus de confiance dat 1. Uerteel confirméiert.

15 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 500 € gouf e Mëttwoch confirméiert.

Dozou war an 1. Instanz e Geiebauer veruerteelt ginn, dee vun 2003 un der Geiespillerin Sandrine Cantoreggi eng wäertvoll Gei aus dem Joer 1800 virenthalen hat.

Si hat him d'Instrument iwwerlooss, ënnert der Konditioun, dass hien d’Gei fir 100.000 € verkafe sollt. Déi Konditioun hat de Geiebauer awer net erfëllt.

NB: Mir preziséieren, datt den Atelier de Lutherie vu Péiteng näischt mat dësem Fall ze dinn huet.

Back to Top
CIM LOGO