
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 15 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.945. Vun den Infizéierte sinn der 3.185 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 51 Prozent si Männer a 49 Prozent si Fraen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 62.153 Tester gemaach. Vun e Samschdeg op e Sonndeg ass dat eng Hause vun 1.907 Tester, vun deenen der wéi gesot 15 positiv waren.
Am ganze goufen 48.168 Residente getest an 13.985 Net-Residenten. Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, ass et nach 136 aktiv Infektioune ginn an 3.702 Persoune gëllen als geheelt.
D’Zuel vun Hospitalisatiounen wéinst dem Virus ass vun 73 op 65 gefall. Op der Intensivstatioun leien aktuell nach 14 Leit, dat ass eng manner wéi nach den Dag virdrun.
900 Leit, déi de Virus haten, konnten d’Spidol erëm verloossen.
Den Iwwerdroungstaux bleift bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
