
Zesumme mat Luxinnovation gouf dës Initiativ an d'Liewe geruff. Jonk a motivéiert Firmen goufen opgeruff, hir Projeten zur Entwécklung vun technologesch baséierte Produiten oder Service ze proposéieren, déi drop ausgeriicht sinn, déi wirtschaftlech, gesondheetlech a gesellschaftlech Suitte vun der Corona-Kris ofzeschwächen oder z'iwwerwannen.
Iwwer 300 Start-ups hate sech gemellt, wouvun 29 Kandidature ausgewielt goufen, déi Uganks Mee virun enger Jury, bestoend aus Vertrieder aus dem Wirtschaftsministère, Luxinnovation, dem Technoport, Luxembourg-City Incubator, dem House of Starups a LHoFT, presentéiert goufen. Um Enn si 15 Projeten iwwreg bliwwen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 150.000 Euro kréien, fir un der Weiderentwécklung kënnen ze schaffen.