Zanter 1994 ginn déi Analysen all 3 Joer gemaach an zanterdeem – also an 30 Joer - huet sech den Dreck an der klassescher Poubelle hallwéiert. D’Tendenz weist an déi gutt Richtung, seet den Ëmweltminister Serge Wilmes, deen dës nei Analys virgestallt huet. Mä den Tri kéint nach vill besser gemaach ginn. Oder Dreck ganz verhënnert ginn.
De Bio-Offall mécht mat 57 Kilo pro Kapp a pro Joer de gréissten Deel vum Reschtoffall aus. 37 Prozent sinn dat an dovunner hätt 35 Prozent kënne ganz verhënnert ginn. Agepaakte Kéis, Ham, Brout oder e Sak Grompere fält zum Beispill do drënner.
13 Prozent vum Reschtoffall ass Pabeier. De Pabeier an der schwaarzer Poubelle ass ëm 29 Prozent erofgaangen. Mä wat opfält ass, datt bal 50 Prozent méi Pabeiertuten an déi grouss Dreckskëscht gewandert sinn a vill méi Pabeier aus de Fastfood-Restauranten. Pabeier, dee just e bësse knaschteg ass, däerf iwwregens an de Pabeier-Recycling.
Plastik ass och nach ëmmer ze vill am Reschtoffall. 11 Prozent mécht de Plastik aus. Fir all Plastiksfläsch, déi an der Poubelle lant, muss de Lëtzebuerger Staat eng Tax bezuelen. Kuerzfristeg muss den Taux de recyclage beim Plastik an och bei de Béchse bei 80 Prozent leien, laangfristeg bei 90 Prozent. Beim Plastik ass ee mat 77 Prozent no drun. Bei de Béchse läit een awer nëmme bei 43 Prozent. Hei mussen nach Efforte gemaach ginn, den Ëmweltminister wëll awer nach net iwwer e Pfandsystem nodenken.
Geféierlechen Offall wéi Batterien a Medikamenter ginn ëmmer besser recycléiert. 1,2 Kilo pro Kapp ginn awer trotzdeem an d’Poubelle gehäit a schonn eng Batterie kann eng ze vill sinn a gehéiert an d’Superdreckskëscht.
An de Gemengen, wou den Dreck gewie gëtt, gëtt 27 Kilo manner Dreck pro Kapp a pro Joer produzéiert. Wann et also fir de Konsument méi deier gëtt, gëtt e besseren Tri gemaach oder manner ewechgeworf. Besser trennen ass och am ländleche Raum méi einfach wéi an de Stied. De beschten Offall ass deen, dee guer net entsteet. Antigaspi, also vill manner Liewensmëttel ewech geheien, ass an deem Sënn ganz wichteg.