
A 85% vun de Kontrolle stoung d'Ausgangsspär am Fokus, ma och gréisser Usammlunge vu Mënschen an d'Respektéiere vun den Hygiènesreegelen an den Akafszentere goufe kontrolléiert.
An 8 Fäll hunn d'Beamte misse Protokoller ausschreiwen, well sech net un d'Reegele gehale gouf, dorënner eng gréisser Versammlung vu Mannerjäregen.
Ronn 170 Persounen hu missten a Protokoll bezuelen, a ronn 75% vun de Fäll war et, well sech net un déi gesetzlech festgehalen Ausgangsspär gehale gouf.