Zanterhier huet sech vill gedoen, aus der renger Observatioun si Previsioune ginn. Ma net ëmmer si sech d’Wiederdéngschter eens, wéi laang d’Sonn wäert schéngen oder wéi vill Ree wäert falen. Wann et dann ëm Alertë geet, kënnt d’Fro dobäi: Wat ass ubruecht a wat maachen, wa falsch gewarnt gëtt?
Et gouf vill Fortschrëtter, zum Beispill dass hautdesdaags iwwerhaapt am Viraus viru méi uerge Wiederkonditioune ka gewarnt ginn. Dass méi dacks gewarnt gëtt, dat kéint een net soen, esou de Luca Mathias, Meteorolog beim natiolale Wiederdéngscht Meteolux. D’Alertë wieren einfach anescht.
Nodréiglech ze soen, dass “falsch” gewarnt gouf, dat wier schwéier. “Et hänkt ëmmer dovunner of, wat d’Basis war fir d’Warnung, oder och fir d’Entscheedung, net ze warnen.” Fir eng Alerte misst et nämlech e méi groussflächegen Impakt ginn. E ganzt Land warnen, wann zum Beispill just lokal eppes geschitt, dat wier net sënnvoll. “Ofweien, fir net ze vill Panik ze maachen, mee awer och net ze wéineg warnen - dat ass de Paradox vun de Warnungen.” Et gëllt also, esou de Luca Mathias, déi richteg Balance an Aschätzung ze fannen.
Ënnerschiddlech Warnunge vu verschidden Déngschter, dat wier näischt Ongewéinleches, erkläert de Luca Mathias. Virun allem, well verschidde Wiederdéngschter och verschidden Donnéeë benotzen an auswäerten.
De rezente Fall vun der Iwwerschwemmung um Sonndegowend op der Saar-Autobunn huet awer d’Fro opgeworf, wisou den nationale Wiederdéngscht net geziilt do virdru gewarnt huet. Op der enger Säit hätten d’Modeller d’Situatioun deen Dag ënnerschat*, esou de Meteorolog Luca Mathias. Op der anerer Säit misst een och ganz kloer soen: “Och wa mir eng giel Warnung ginn hätten, hätte mer net genee kënne wëssen, dass dat genee zu Munneref geschitt. Déi Onsécherheet huet een ëmmer.” Besonnesch bei Donnerwieder wier et net einfach, Stonnen am Viraus ze soen, wou genee eng Iwwerschwemmung doduerch entstoe kéint.
Wann et zu enger Alerte kënnt, ass natierlech d’Verbreedung vun der Noriicht wichteg. Dat geschitt natierlech och iwwer d’Press. “Mir géingen eis aus eiser Perspektiv heiansdo wënschen, dass déi Onsécherheet, déi nach an der Warnung besteet respektiv an de Previsiounen, dass déi och méi no bausse kommunizéiert gëtt.” D’Meteo ass an deem Sënn keng exakt Wëssenschaft. Et géing een zwar och mat anere Wiederdéngschter zesummeschaffen, zum Beispill aus de Nopeschlänner, esou nach de Meteorolog vu Meteolux op Nofro. Mat Déngschter hei am Land wier dat awer net de Fall.
Och wann d’Entwécklung vun de Wiederprevisioune scho villes erméiglechen, ass de Bléck zwee Deeg oder méi wäit an d’Zukunft, dacks net ganz präzis.
*Dëse Saz gouf sënngeméiss no der Diffusioun um Radio geännert, op Nofro vu Meteolux.