
Hie soll op Instagram Videoe publizéiert hunn, déi eng Menace duerstellen respektiv déi terroristesch Dote kéinte provozéieren.
Déi däitsch Autoritéiten haten de Mann signaliséiert.
D’Anti-Terror-Sektioun vun der Police judiciaire an d’Spezialunitéit vun der Police hunn de Mann e Freideg festgeholl. Wou dat geschitt ass, gëtt net präziséiert.
De Mann koum e Samschdeg de Moie bei den Untersuchungsriichter an deen huet Haftbefeel erlooss.