Immigratioun zu Lëtzebuerg2.200 Demanden zejoert, 980 als Flüchtling unerkannt

Roy Grotz
François Aulner
2018 koumen och 36 Mannerjäreger, déi net begleet waren, an d'Land.
2205 Demandë fir d'Protection internationale goufen d'lescht Joer zu Lëtzebuerg gestallt. Dat ass manner wéi 2017, mä méi wéi 2016. Dës Zuelen huet den Ausseminister Jean Asselborn op enger Pressekonferenz ginn.
2205 Demandë fir d'Protection internationale goufen d'lescht Joer zu Lëtzebuerg gestallt. Dat ass manner wéi 2017, mä méi wéi 2016. Dës Zuelen huet den Ausseminister Jean Asselborn op enger Pressekonferenz ginn.
© Didier Weber

De Phänomen, datt d'Migratioun vu Leit iwwert d'Mëttelmier an d'EU erofgeet, stëmmt och fir Lëtzebuerg. Par contre ass d'"Migration secondaire", dat heescht vun Asyldemandeuren, déi aus Italien op Lëtzebuerg koumen, fir eng Demande ze stellen, déi lescht Méint an d'Luucht gaangen.

Immigratioun zu Lëtzebuerg
2018 koumen och 36 Mannerjäreger, déi net begleet waren, an d'Land.

De Bilan vun der Asylpolitik huet den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt: Deemno gouf et am Cumul zejoert eng 2.200 Demanden, fir Asyl ze kréien, dat sinn der ronn 120 manner wéi 2017.

Migratioun: Rep. Nadine Gautier

Wann een awer d'Relokalisatiounen vu Malta aus respektiv och déi "spontan" Ufroen derbäi zielt, da schwätzt den Ausseministère vun enger Netto-Hausse vun 220 Demandë fir zejoert. Déi meescht vun dëse Leit koumen aus Eritrea, Syrien, dem Irak an dem Afghanistan.

Lëtzebuerg huet zweemol zejoert duerch d’Relokalisatioun Migranten hei opgeholl. Zweemol vu Schëffer, déi op Malta ukoumen. Am Ganze goufen iwwer dee Wee 20 Persounen hei am Grand-Duché opgeholl.

De Jean Asselborn

Am Januar dëst Joer hunn 226 Leit zu Lëtzebuerg eng Demande gestallt. Wann dat an deem Mooss iwwert d'Joer esou weider géif goen, da géif een um Enn vum Joer esou vill Demanden hunn wéi nach ni. 81 Persoune wieren aus dem Eritrea komm. Dovunner wieren 80 Prozent "Dubliners".

Eng Demande stellen ass eng Saach, de Statut vum Flüchtling kréien natierlech en aneren: Ronn 980 Leit kruten zejoert effektiv dee Statut; dat sinn der knapp 200 manner wéi 2017.

Zejoert kruten och 360 Demandeurs d'asile hiren Dossier refuséiert.

Am Kader vum Dublin-Vertrag huet Lëtzebuerg 42 Persounen zeréck an Italien geschéckt. Allerdéngs wéilt sech Lëtzebuerg senger Verantwortung net entzéien, vulnerabel Leit hätt ee net zeréckgeschéckt. D'Leit sollen an Italien net herno op der Strooss setzen, sou de Minister.

© Didier Weber

"Mir hu vun deene Leit, déi am Accueil sinn, 50 Prozent, déi de Statut kritt hunn, 10 Prozent sinn ofgeleent, 40 Prozent sinn nach an der Prozedur." Hei misst ee kucken, déi 50 Prozent aus de Strukture vum Staat erauskréien, esou de Jean Asselborn. Do misste vu staatlecher Säit an och vun deene Leit en Effort gemaach ginn.

Keng Genitalien ënnersichen

2018 koumen och 36 net-begleet Männerjäreger an d'Land, fir eng Asyl-Demande ze stellen. 2017 gouf et nach 50 esou Demanden. Do gouf et jo an der Vergaangenheet Diskussiounen, wéi ee bestëmme kéint, ob eng Persoun ënner 18 Joer huet oder net. Do hätt ee sech dorobber gëeenegt, datt et duer géif goen, fir déi lénk Hand, d'Schëllerblat an d'Zänn ze röntgen. Eng Untersuchung vun de Genitalie wier net néideg. fir den Alter ze bestëmmen.

D'Responsabel am Ausseministère halen awer fest, datt den Alter vun dëse Jonke stänneg weider erofgeet: Esou huet zejoert zum Beispill e Kand vu 4 an en anert vun 10 Joer eng Demande fir international Protektioun gestallt.

Problemer mat enger Nationalitéit

Hie wéilt net verallgemengeren, esou de Jean Asselborn, ma mat enger Nationalitéit hätt ee besonnesch vill Problemer gehat. Dat sinn d'Georgier. Do hätt ee festgestallt, datt déi, déi an de Grand-Duché komm sinn, am Banditissem aktiv waren an do mat Drogen a Waffe gehandelt hunn. D'Police wier do virun allem gefuerdert ginn.

Zejoert huet fir dës Fäll vu Mannerjäregen och en neien, kollegiale Gremium ugefaange mat schaffen, fir iwwer d'Dossieren ze tranchéieren: doranner vertrueden ass den OLAI, den ONE an de Parquet ënnert der Presidence vun der Direction de l'Immigration. De Point soll bis Mäerz-Abrëll gemaach ginn. Wat besteet, wat kann zougemaach ginn a wat soll opbleiwen?

Ëm 15.000 Leit gewuess

De Minister koum awer och op déi aner Migratioun ze schwätzen. Et sinn de Statistiken no 17.000 Leit aus der EU op Lëtzebuerg komm, dat wieren 8 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. Dobäi kéimen nach déi Leit aus Drëttstaaten. Domadder kéim een op 25.000 Leit déi op Lëtzebuerg koumen, wéineger déi Leit, déi d’Land verlooss hunn. Domadder wier de Grand-Duché d’lescht Joer ëm 15.000 Persounen gewuess.

An der Chamberkommissioun

Éier de Jean Asselborn d'Press informéiert huet, ware Migratioun an Asyl och e Sujet an der aussepolitescher Chamberkommissioun. Do war gewuer ze ginn, datt d'Accueilstrukturen hei am Land un hire Limitten ukomm wieren, gréisstensdeels well vill Leit, déi de Statut vum Refugié unerkannt kruten, Schwieregkeeten hätten, eng Wunneng ze fannen.

Reaktiounen no der Chamberkommissioun
2.200 Demanden goufen et zejoert, 980 goufen als Flüchtling unerkannt,

Geplangt ass jo – laut Koalitiounsaccord – d'Opsplécke vum OLAI, dem "Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration", nom 1. Mee soll dat geschéien. De Familljeministère wier nach ëmmer fir d'Integratioun zoustänneg, den Accueil kéim bei den Immigratiounsministère. Do soll den ONA gegrënnt ginn.

Fir d'ADR stéing de Jean Asselborn "virun de Schierbele vu senger eegener Politik". De "Merde alors" vum Lëtzebuerger Chefdiplomat géint Italien hätt dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser no Asyldemandeuren aus Italien incitéiert, an de Grand-Duché ze kommen.

De Fernand Kartheiser

Fir den Deputéierte vun Déi Lénk, David Wagner, géingen eng ganz Rei Regierungen an der EU - "an net nëmmen déi italienesch" - d'Migratioun instrumentaliséieren, fir d'Leit vun de richtege Problemer, déi sozialer an ekonomescher Natur sinn, ofzelenken. Woubäi d'Flüchtlingen net fir déi Problemer verantwortlech wieren ...

Den David Wagner

De Constat, datt d'Solidaritéit an der Migratiounsfro an Europa net ginn ass, gouf vun all de Parteie gedeelt. Eng konkret Léisung, wéi beispillsweis eng Reform vum Dublin-Vertrag ze änneren, gouf e Méindeg de Moien net erwäänt. De Vertrag gesäit vir, datt Leit, déi an d'EU kommen an eng Asyldemande wëlle maachen, déi Demande an deem Land musse maachen, wou se fir d'éischt hir Féiss gesat hunn. Natierlech féiert de System dozou, datt déi meescht Asyldemandeuren an de Mëttelmierstaate sinn.

Back to Top
CIM LOGO