Täterbeschreiwung2 Abréch um Freideg: Een zu Dikrech, deen aneren zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et Freideg zu 2 Abréch. Eemol war dat e am Nomëtten zu Dikrech, ee weideren owes zu Diddeleng.
© RTL Archivbild

Zu Dikrech op der Place Guillaume war géint 14 Auer agebrach ginn.
Ee vun den Abriecher soll tëscht 1,75 an 1,80 Meter grouss sinn, 35 bis 40 Joer al, vu wäisser Hautfaarf a korpulent. Hien hat en hellen T-Shirt un.

Zu Diddeleng an der Rue Hubert Clement gouf et 22 Auer en Abroch. D'Sich no zwéi presuméierten Täter blouf ouni Succès. Deen ee war ëm 1,70 Meter grouss an hat e roude Gilet un. Deen Zweete war 1,60 Meter grouss an hat en Jogging un.

Back to Top
CIM LOGO