CGDIS2 Accidenter an e Kellerbrand um Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Accident géint 19 Auer e Mëttwoch den Owend zu Schëffleng an der Biergemer-Strooss. Zwee Autoe waren anenee gerannt.

Eng Persoun gouf liicht blesséiert, wéi de CGDIS um Donneschdeg de Moie matdeelt.

Géint 18.30 Auer e Mëttwoch den Owend war tëscht Pëtscht a Weiler ee Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Eng Persoun gouf verwonnt.

An der Stroossbuerger Strooss op der Stater Gare hat et e Mëttwoch den Owend géint 17.30 Auer an engem Keller gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO