Op eise Stroossen2 Accidenter mat Motocyclisten an en Autosbrand

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu e puer Accidenter.
© RTL Archivbild

Um 17.45 Auer war et eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 19.30 Auer krute sech um CR343 tëscht Näidsen a Siwwenaler. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Eng weider Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto gouf et um 19.40 Auer zu Uewerkuer an der Avenue Charlotte. Eng Persoun gouf verwonnt.

Zu Déifferdeng huet um 19.30 Auer en Auto gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO