Eent vu véier Meedercher an ee vun aacht Jonge ginn am Laf vun hirem Liewe sexuell mëssbraucht. Dat entsprécht zwee bis dräi Kanner an enger Klass.
Genee op dës Realitéit sollt eng Konferenz am Lycée des Arts et Métiers opmierksam maachen. D’Zil: Jonker fréi ze sensibiliséieren an hinnen déi néideg Mëttel ginn, fir esou Situatiounen ze erkennen an ze reagéieren.
“E Kand huet weder d’Maturitéit nach de Recul, fir ze erkennen, dass et en Abus ass”, huet d’Dr. Mary Faltz erkläert. Dofir wier et wichteg, Kanner esou fréi wéi méiglech ze sensibiliséieren, souguer schonn an der Crèche.
D’Mary Faltz huet op der Konferenz hir eege Geschicht erzielt. Si gouf als Kand wärend 16 Joer vun hirem Papp mëssbraucht. Eréischt no all deene Joren huet si dat gemellt. Als Kand hätt si d’Situatioun net verstanen.
Fir vill Schüler war et impressionnant, enger Persoun vis-à-vis ze sëtzen, déi esou eppes erlieft huet an hir Geschicht deelt. D’psychologesch Konsequenze vum Mëssbrauch goufen dobäi besonnesch däitlech.
Eng wichteg Erkenntnis: A ronn 90 Prozent vun de Fäll kënnt den Täter aus dem Bekanntekrees. Dofir misst een ëmmer am Austausch matenee bleiwen an openeen oppassen. Besonnesch Opmierksamkeet soll een och deene Kanner schenken, déi no baussen “ze perfekt“ wierken, well dës dacks hir Problemer verstoppen.
De Procureur d’Etat David Lentz huet erkläert, datt d’Zuelen zu Lëtzebuerg relativ héich sinn. Dat géif awer och weisen, datt vill gemellt gëtt, an dat wier eng positiv Entwécklung.
D’Strofe fir Täter kënne jee no Fall bis zu 30 Joer Prisong goen. Fir hien ass kloer: D’Konsequenze fir d’Affer sinn dacks méi laangfristeg.
Vill jonk Affer wëssen net, u wie si sech kënne wenden. Zu Lëtzebuerg ginn et dofir dräi wichteg Ulafstellen:
- de Centre National pour victimes de la violence (CNVV)
- d’Unité médico-légale UMEDO
- de Service central d’assistance sociale (SCAS)