CGDIS2 Blesséierter bei Accidenter an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Géint 2 Auer war en Auto bei Béigen géint e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
© RTL-Archivbild

Tëscht Äischen an Habscht war och en Automobilist an e Bam gerannt, dat ëm 3.20 Auer e Samschdeg de Moien. De CGDIS huet och hei ee Blesséierte gemellt.

E Samschdeg am Nomëtteg sinn tëscht Buerschent an der Giewelsmillen en Auto an e Motorrad aneneegerannt. 1 Persoun gouf liicht verwonnt. D'Pompjeeë vu Buerschent a vun Ettelbréck waren op der Plaz, grad ewéi d'Ettelbrécker Ambulanz.

Back to Top
CIM LOGO