Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Leit gestuerwen, vun 5.052 Tester waren der 61 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 827 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 738.057 Impf-Dosisse genotzt. 416 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.969 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO