No Sträit zu Déifferdeng2 Männer verbréngen d'Nuecht am Arrest
Géint 1 Auer e Sonndeg de Moie si Policebeamten zu Déifferdeng op e Mann getraff, dee mat sengen Hänn op de Capot vun engem Auto ageschloen huet.
Verëffentlecht: 03.12.23 10:31, Update: 08.12.25 12:44
Kuerz drop ass de Besëtzer op d'Plaz komm. Et huet sech erausgestallt, datt béid Männer kuerz virdrun eng Kläpperei haten. A Presenz vun der Police sinn déi zwee nees a Sträit geroden. Well se allebéid ënnert Alkoholafloss stoungen, hu se d'Nuecht missen am Arrest verbréngen.
RTL-Artikel (3.12.2023): Partie Führerschäiner fort: Am Zickzack ënnerwee, hannert dem Steier ageschlof, keng Placken um Auto, ...