Patientevertriedung2. Persoun soll mat bei de Kontrolldokter dierfen

Claudia Kollwelter
Fir d'Patientevertriedung ass et inacceptabel an onerklärlech, datt een den Ament keng zweet Persoun dierf mat bei de Kontrolldokter huelen.
© AFP (Archiv)

Begleetpersoun beim Kontrolldokter / Rep. C. Kollwelter

Wann ee bei de Kontrolldokter geruff gëtt, ass ee souwisou schonn a méi enger prekärer Situatioun an dofir ass et wichteg, datt een eng Begleetpersoun mat op déi Rendez-vouse kann huelen.” Dat seet d’Michele Wennmacher vun der Patientevertriedung am RTL-Interview. Ganz dacks géif dat awer vum Contrôle médicale refuséiert ginn. An deem Kontext haten déi Lénk eng parlamentaresch Fro un den zoustännege Minister Claude Haagen gestallt, deen a senger Äntwert confirméiert, datt dës Kontrollen anescht gehandhaabt ginn. Fir d’Patientevertriedung ass dat inacceptabel an onerklärlech.

An der schrëftlecher Äntwert vum Minister Haagen heescht et, dës Kontrolle vun der Sécurité sociale géifen net ënnert déi sougenannten “démarches de santé” falen a wiere just eng Kontroll - et géif keng Diagnos oder Traitement gemaach ginn. Dat wëll d’Patientevertriedung esou net stoe loossen an ass an d’Patienterechtsgesetz nokucke gaangen.

D’Michele Wennmacher: “Do steet dran, datt de Profesionnel de santé, wat och den Dokter vum Contrôle médicale ass, do ass, fir de Gesondheetszoustand vum Patient ze evaluéieren. An dat gehéiert och zu enger démarche de santé. Nom Artikel 148 steet och ganz kloer dran, datt de Contrôle médicale eng Mission d’évaluatioun huet.”

All Assuré wier och kloer e Patient a géif dofir och ënnert dat Gesetz falen, betount d’Michele Wennmacher. Et hätt een och schonn d’Gespréich mam Direkter vum Contrôle médicale, dem Dr Gérard Holbach, gesicht an als Äntwert krut: “Dat wier net paritéitesch, wann de Patient mat nach engem géif kommen, wier den Dokter eleng mat 2 Persoune konfrontéiert, an dat wier dann net fair.”

Dat wieren alles Virwänn, fir datt den Dokter eleng mam Patient wier, bedauert d’Patientevertriedung, déi och schonn dacks kontaktéiert gouf, well d’Leit beklot hunn, datt bei de Rendez-vousen net den néidege Respekt vum Dokter do war: “Do komme Patienten eraus, déi dono nach méi op der Kopp si wéi virdrun a gesot kréien, Depressioune géifen et net ginn oder: ‘Dir sidd dach sou eng schéi Madamm, et kann dach net sinn, datt dir depressiv sidd.’ Oder awer de Fall vu Fraen, déi sech musse fräi maache fir eng Ënnersichung an da bemol d’Dier opgaangen ass an iergend en aneren Dokter erakomm ass, fir ze froen ‘Kënns de mat an d’Mëttespaus, et ass Zäit fir iessen ze goen.’ Och dat kann net sinn!”

Et kéint net sinn, datt e Mënsch, dee scho krank wier an net fir näischt net schaffe kann, beim Kontrolldokter nach duerch deem säin Ëmgang kleng gemaach an ageschüchtert gëtt. Et géif een an dësem Dossier net noginn, huet d’Michele Wennmacher nach betount.

D’Reaktioun vum Minister Claude Haagen op d’Fuerderung vun der Patientevetriedung.

Back to Top
CIM LOGO