Begleedung beim KontrolldokterAm Kontext vun der Kontroll vu Krankeschäiner ginn Ausname gemaach

Claudia Kollwelter
De Minister fir sozial Sécherheet reagéiert op d'Fuerderung vun der Patientevertriedung, datt eng Begleetpersoun mat bei de Kontrolldokter dierf goen.

Claude Haagen zu Kontrolldokter / Rep. Claudia Kollwelter

“Ech krut dëst Joer net méi wéi 5 Reklamatiounen, wat d’Begleedung beim Kontrolldokter ugeet”, sot de Minister fir d’Sécurité sociale, de Claude Haagen en Dënschdeg de Mëtteg am RTL-Interview, a reagéiert domat op e Reportage, an deem d’Patientevertriedung fuerdert, datt wann ee bei de Kontrolldokter geruff gëtt, een dierf vun engem begleet ginn. Den zoustännege Minister huet nach emol widderholl, wat e schonn op eng entspriechend parlamentaresch Fro geäntwert hat, reduzéiert sech allerdéngs op d’Kontroll vun de Krankeschäiner.

Woubäi vir ewech gesot muss sinn, datt dat net den eenzege Rôle vum Kontrolldokter ass - ënnert anerem gëtt de medezineschen Avis gefrot, fir d’Prozedure vum Reklassement oder wann ee berufflech ëm- oder nei-orientéiert muss ginn. De Minister Claude Haagen betount, datt wat d’Kontroll vun de Krankeschäiner betrëfft, een ufroe kann, fir begleet ze ginn, an da Cas fir Cas decidéiert gëtt:

Well momentan de legale Kader dozou feelt. Et kann een Ausname maachen an dat maache mer och. Do muss awer souwuel den Accord vum Patient wéi och um Dokter do sinn.

Et misst een dem LSAP-Minister no awer och klären, wat een ënnert enger Begleedung versteet:

Verstitt der dorënner och, datt Affekote kënnen dobäi sinn, datt den Dokter sech och ka begleede loossen. Wou fänkt de System un a wou hält en op?

Wat d’Reprochen ugeet, déi d’Patientevertriedung genannt krut, vun ënnert anerem Manktem u Respekt, hu mer och versicht eng Reaktioun vum Direkter vum Contrôle médicale ze kréien. Dat war allerdéngs net méiglech. Den Dr. Gérard Holbach huet op eis Interview-Ufro just geäntwert, e géif sech op dat referéieren, wat de Minister gesot huet.

Back to Top
CIM LOGO