
Tëscht Biwels a Stolzebuerg war e Samschdeg kuerz no 17 Auer e Motorradsfuerer mat senger Maschinn gefall. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
Zwee Blesséierter gouf et da bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen tëscht Heeschpelt an Néngsen. Kuerz no 18 Auer hat et hei geknuppt.
A géint 19.20 Auer huet zu Wegdichen an der Duerfstrooss e Chalet gebrannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.