Accident an der StadChauffer probéiert ze flüchten, ma Fuererin vum aneren Auto klamert sech u säi Capot

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass der Police géint 15:10 Auer um Boulevard Prince Henri an der Stad een méi ongewéinlechen Accident mat Farerflucht gemellt ginn.
D'Fuererin vum beschiedegten Auto huet et dem flüchtege Chauffer net einfach gemaach.
© Domingos Oliveira

Een Auto war engem anere bei enger Rouder Luucht hannendrop gefuer. Wou d'Passagéier aus deem Auto, an deen deen aneren dragefuer war, erausgeklomme sinn, fir sech de Schued unzekucken, huet de Verursaacher de Réckgang ageschmass, an huet probéiert, sech aus dem Stëbs ze maachen.

D'Fuererin vum beschiedegten Auto huet et dem flüchtege Chauffer awer net esou einfach gemaach - si huet sech kuerzerhand um Capot vum Auto festgeklamert. Ma nodeems de schëllege Chauffer puer Meter mat der Fra um Auto gefuer war, huet si lassgelooss an den Auto huet sech duerch d'Bascht gemaach. D'Fra gouf beim Virfall glécklecherweis net blesséiert.

Och wann de Chauffer sech aus dem Stëbs maache konnt, d'Beweiser fir säi Verhalen si bliwwen. De Bäifuerer vum Auto, an deen hien agerannt war, hat de Virfall nämlech mam Handy gefilmt, esou datt de Besëtzer vum Auto séier identifizéiert war. Wéi sech erausgestallt huet, war géint de Mann schonn ee Fuerverbuet verhaange ginn. U senger Adress konnten d'Beamten hien allerdéngs net untreffen.

Am Laf vum Nomëtteg koum dunn iwwerraschend aner Persoun mam accidentéierten Auto op de Policebüro, fir den Accident ze mellen. Den Zeie-Video huet gewisen, datt dës Persoun net de flüchtege Chauffer war. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto awer saiséiert an et goufe Protokoller erstallt, ënnert anerem wéinst falscher Ausso.

Back to Top
CIM LOGO