
E Freideg hat de CNAPA, den nationale Suchtpräventiounszenter, op säi Resilienz-Forum invitéiert. Dee stoung ënnert dem Motto "gesond liewen an enger digitaler Welt" an et goung ënnert anerem ëm d'Fro, wéi mir déi digital Méiglechkeete bewosst kënnen notzen, ouni datt se eis Gesondheet belaaschten.
Dat Wichtegst ass, esou d'Direktesch vum CNAPA, d'Anouk Hinger, datt ee selwer bestëmmt, wéi vill Zäit een op sengem Smartphone oder op sengem Tablet verbréngt a wat ee genee mécht.
Net jidderee fillt sech wuel domadder, wann en déi ganzen Zäit de Smartphone muss dobäi hunn, a fir d'mental Gesondheet ass et och net onbedéngt gutt, wéi d'Anouk Hinger confirméiert, déi hei aus perséinlecher Erfarung schwätzt.
"Mech stresst dat enorm. Dat heescht, fir mech mécht dat schonn en Ënnerscheed, wann ech mäin Handy gesinn an duerch déi Notifikatioune ginn ech dauernd ofgelenkt. Dat heescht, ech ka mech dann och op meng Aarbecht net esou konzentréieren, wéi ech dat kéint, wa mäin Handy ewech läit. An esou ass et, mengen ech, kann ech mer virstellen, fir jiddereen, deen dann, och fir Kanner, déi esou vill méi Notifikatiounen och kréien, wéi mir Erwuessener."
Déi digital Méiglechkeete maache villes méi einfach. D'Anouk Hinger seet de Smartphone géif engem enorm vill ofhuelen, vill Applikatioune géifen och wierklech virunhëllefen, mä d'Psychologin gesäit eng aner Gefor.
"Wann een elo kuckt, d'Attraktivitéit vun deem Handy, all déi Funktiounen, déi dat jo elo de Moment erfëllt, dann hunn ech onheemlech vill Méiglechkeeten a menger Täsch, grëffbereet, 24 Stonnen accessibel, awer trotzdeem kann dat och belaaschten, well wann ech elo mech ëmmer rëm, ech huele just e blöd Beispill vun enger Google Maps, ech géif haut warscheinlech net méi de Wee fannen ouni. Mir maachen eis och e bëssen ofhängeg vun all deenen elektronesche Geräter."
Fir d'Direktesch vum CNAPA gëtt et net onbedéngt eng Alterskategorie, déi duerch de Smartphone a CO besonnesch a Gefor ass. Kanner a Jonker kéinten awer Gewunnechten entwéckelen, déi se duerno méiglecherweis net méi lass ginn.
Fir gutt mat den digitale Medien ëmzegoen, brauche grad si déi richteg Kompetenzen. Dozou gehéiert ënnert anerem, Informatiounen net einfach ze iwwerhuelen, mee se kritesch ze hannerfroen.
De Robert Reuter, Assistenzprofesser op der Uni Lëtzebuerg, erënnert drun, datt dës Fäegkeeten eigentlech näischt Neies sinn.
"D'Grondkompetenz war jo ëmmer schonn iergendwou liesen, schreiwen, rechnen an denken. An notamment kritesch denken. Also et wonnert vläicht deen een oder dat anert, dass mer vun Denken als Basic schwätzen, mee Denke war eigentlech ëmmer ee vun de Basic international an de Grondschoul-Curriculumen an de Programmer war dat ëmmer schonn eng wichteg Grondfäegkeet, fir selwer un d'Welt runzegoen, awer och un Texter, u Biller, u Videoen, u wat och ëmmer vu Medien. "
Mediepedagogik wier an deem Sënn näischt Neies. esou de Robert Reuter. Et géif eis haut am digitalen Zäitalter méi wichteg virkommen.
D'Anouk Hinger erënnert nach un eppes, dat een eigentlech net dacks genuch ka soen. Kanner a Jonker orientéiere sech staark un den Erwuessenen. Dofir wier et och eng kollektiv Verantwortung, hinnen ze weisen, datt een den Handy net permanent brauch, mee en och emol bewosst ewechleeën – oder ganz ausmaache kann.