
E Méindeg de Moien um 7:39 Auer sinn an der Rue de l'Ecole um Briddel en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.
Kuerz no 8 Auer gouf zu Esch an der Monnerecher Strooss eng Persoun ugestouss a blesséiert.
Kuerz virun 11 Auer sinn zu Bartreng an der Lonkecher Strooss zwee Autoe kollidéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.