
Aktuell sinn 82 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.233 aktiv Infektiounen. 65.513 Persoune gëllen als geheelt.
4.310 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 2.914 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 248.492 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.