Gemengewalen20% vun den Awunner ouni Lëtzebuerger Nationalitéit ageschriwwen, fir ze wielen

Fanny Kinsch
Tim Morizet
Knapp 20 Prozent (19,8%) vun den Awunner ouni Lëtzebuerger Nationalitéit hu sech ageschriwwe fir den 11. Juni hir Stëmm bei de Gemengewalen ofzeginn.
20% vun den Awunner ouni Lëtzebuerger Nationalitéit ageschriwwen, fir ze wielen
Bis de 17. Abrëll konnten Awunner ouni Lëtzebuerger Nationalitéit sech aschreiwen, fir bei de Gemengewalen den 11. Juni wielen ze goen.

Bis de 17. Abrëll, also bis e Méindeg den Owend konnten Awunner ouni Lëtzebuerger Nationalitéit sech aschreiwen, fir bei de Gemengewalen den 11. Juni wielen ze goen. Knapp 20 Prozent hunn dat gemaach. An absolutten Zuele sinn dat der 50.084. Dobäi ginn et grouss Ënnerscheeder tëschent de verschiddene Gemengen.

Auslänner bei de Gemengewalen / Reportage Fanny Kinsch

Deen nidderegsten Aschreiwungstaux gëtt et an der Gemeng Park Housen mat 13 Prozent. Bäi Wäitem am meeschten Auslänner hu sech zu Bech ageschriwwen, bal 50 Prozent. Och Reisduerf huet e gudde Score gemaach mat 42 Prozent, duerno kënnt Fëschbech mat 34. Et géing een déi Resultater elo am Detail analyséieren, sou de Sylvain Besch vum Cefis, den Zenter fir interkulturell a sozial Fuerschung a Formatioun.

“Dat si kleng Gemengen, d’Taille vun enger Gemeng spillt och mat, dofir ass Lëtzebuerg Stad net op der éischter Plaz, Déifferdeng an Diddeleng och net. Et sinn éischter kleng Gemengen, déi vir sinn, an do muss ee genau kucken, d’Lupp drop geheien, “Wat huet do matgespillt?”. Et muss een och kucke vu wou aus kommen déi Gemengen, wéi ass schonn d’Aschreiwungsquot 2017 gewiescht? Déi war scho relativ héich bei Reisduerf, bei Bech och.”

D’Gemengen hätte versicht, déi Praxissen ëmzesetzen, déi 2017 gutt fonctionéiert hätten, seet de Vizepresident vum Gemengesyndikat Syvicol Serge Hoffmann. Zum Beispill hätte vill Gemengen d’Leit perséinlech ugeschriwwen. D’Gemeng Bech wier awer nach e Schrëtt méi wäit gaangen.

“Déi haten d’Iddi, wat wierklech net schlecht ass, eng frankéiert Enveloppe de Leit matzeschécken, dat heescht, dee sech wollt aschreiwen, deen huet da just den Ziedel dra gemaach, en huet emol keen Timber misse siche goen. Offensichtlech, wann dat sollt eenzeg Ursaach sinn, dann ass dat schonn net net schlecht.”

D’Fuerderung vun der Asti, datt d’Leit direkt sollen d’Méiglechkeet kréien, sech op d’Wielerlëscht anzeschreiwen, wa si sech an enger Gemeng umellen, gëtt iwwerdeems vum Familljeministère begréisst. Dat géing ewell a verschiddene Gemenge praktizéiert ginn, soll awer an Zukunft systematesch gemaach ginn.

2017 waren nach 3 Prozent méi Auslänner ageschriwwen, fir wielen ze goe wéi dëst Joer. Trotzdeem zitt d’DP-Familljeministesch Corinne Cahen e positive Bilan.

Natierlech ass d’Ambitioun ëmmer, op 100% ze kommen, mee dat wosste mer vu vir eran, dass mer dat net géinge fäerdegbréngen, mee mir sinn immens, immens frou an extreem houfreg, dass mer iwwert den Taux vu leschte Kéier komm sinn, wann een dat nämmlecht vergläicht. Mir haten d’leschte Kéier 2017 en Taux vun ageschriwwene Wieler vun 22,8%, dat waren dann all déi, déi méi wéi fënnef Joer am Land gelieft hunn. Elo huet d’Gesetz natierlech geännert, wann een elo just déi hëlt, déi iwwer 5 Joer am Land sinn, da si mer op 23,6%.

Et missten an Zukunft nach méi Efforte gemaach gi bei deene Jonken an deene Leit, déi nach net laang am Land sinn, déi sech däitlech manner ageschriwwen hunn.

LINK: D’Schreiwes vum Familljeministère

Back to Top
CIM LOGO