Bilan Luxair2018 goufen 2,1 Millioune Leit transportéiert, 11% méi wéi 2017

Roy Grotz
Wéi et heescht, wier de Kontext fir d'Lëtzebuerger Airline weider schwiereg, mä dat operationellt Resultat stëmmt.
© RTL Archiv

Um Freideg, wou et eng Partie technesch Problemer duerch den ILS-Système um Findel gouf, publizéiert d'Luxair de Bilan vum leschte Joer. Wéi et heescht, wier de Kontext fir d'Lëtzebuerger Airline weider schwiereg, mä dat operationellt Resultat ass gutt.

Esou goufen an de Luxair-Fligere ronn 2,1 Millioune Leit transportéiert, wat der 11% méi sinn, wéi 2017.

De Gestionnaire fir d'Fluchhafen-Infrastruktur, Luxair Services, huet eng ronn 4 Millioune Passagéier am Transit assistéiert. Dës Firma huet ronn 2,3 Milliounen Iessen ausgeliwwert.

Och fir Luxair-Cargo weisen d'Chifferen no uewen, dat bei engem Cargo-Handling vu ronn 957.000 Tonnen, wat eng Hausse vun 2% par Rapport zu 2017 duerstellt.

Alles an allem schaffe fir Luxair-Group eng ronn 2.500 Leit.

Hei den offizielle Communiqué vu LuxairGroup

Back to Top
CIM LOGO