Réck- an Ausbléck vum Lex Delles2022 war de Beweis, dass d'Land fir PMEen attraktiv bliwwen ass

Jean-Marc Sturm
Kleng a mëttel Betriber sti fir ee Secteur, dee mat 210.000 Salariéeë gréisste Patron am Land ass an dee sech innovativ weist.
Réck- an Ausbléck vum Lex Delles
2022 konnt ee sech mat bal 12.600 Autorisatiounen, fir sech z’etabléieren, op Rekordniveau halen.

Dat sot de Ressortminister Lex Delles bei sengem Réck- an Ausbléck. 2022 konnt ee sech mat bal 12.600 Autorisatiounen, fir sech z’etabléieren, op Rekordniveau halen. Just 12% vun den Demandë goufe refuséiert, dacks well et un den néidegen Diplomer gefeelt huet.

Iwwer 4.800 Handwierksbetriber aus dem Grenzgebitt kruten e Certificat fir e Joer am Land aktiv ze ginn oder ze bleiwen. D’Autorisatiounen a Certificate ginn an der Moyenne bannent knapp 7 Deeg traitéiert.

Zejoert gouf et 17,5 Milliounen Euro u klassesche Staatshëllefe fir Investissementer zum Beispill an déi digital Transitioun. 2022 stoung parallel och am Zeeche vun Hëllefen am Kader vum progressiven Erausklammen aus de Covid-Aiden, mat awer nach iwwer 48 Milliounen Euro.

2022 war fir de Minister Delles de Beweis, dass d’Land fir PMEen attraktiv bliwwen ass. Fir d’Zäit, déi kënnt, ginn et Onsécherheete well et u Previsibilitéit feelt.

“Mir sinn den Ament an enger Situatioun, wou et dem ganze Secteur vun der Wirtschaft un deem Wichtegste feelt, wat mir an der Wirtschaft brauchen. Dat ass d’Previsibilitéit. An déi ass et den Ament ganz schwéier ze hunn. Dofir ass et grad elo wichteg, dass mer de Betriber déi verschidden Hëllefsstellunge ginn, sief et an Energiefroen, sief et awer och mat deem Paquet deen d’Regierung ugeholl huet, fir besonnesch der Baubranche kënnen ze hëllefen.”

Problematesch kënnegt sech den Hierscht am Bau un, sou de Lex Delles.

Fir d’PMEe steet elo kuerzfristeg d’Reform vum Droit d’Etablissement virop, déi d’nächst Woch duerch d’Chamber geet.

PDF: Den offizielle Bilan

Back to Top
CIM LOGO