Um Dënschdeg goufe riseg Rotorblieder deels héichkant duerch d’Stroosse manövréiert, guer net einfach bei enger Längt vun ëm déi 60 Meter an engem Gewiicht vu 25 Tonnen pro Blat. Déi gehéieren zu enger Wandmillen, déi an de Felder hannert dem Duerf opgeriicht gëtt a schonn am Juni soll a Betrib goen. Da soll se eng 1.500 Stéit mat Stroum versuergen.
E passende Standuert fir déi 215 Meter héijen Apparat ze fannen, wier wéinst Ëmwelt- a Kaméidischutz net sou evident, ma déi streng Critèrë géifen zu méi Akzeptanz bei de Bierger féieren. Am Verglach mat Däitschland léich d’Kaméidisgrenz mat 37 DB däitlech méi niddreg, an et misst ee gutt 900 bis 1.000 Meter vun der Wunngrenz ewechbleiwen. Am Ausland wier dat anescht, do kéint méi no un den Dierfer, awer och a Bëscher gebaut ginn an deementspriechend géingen do méi sougenannte Wandparken entstoen.
Och wann d‘Stroumproduktioun zu Lëtzebuerg eng Utilité publique wier an een u sech ouni den Accord vun de Gemenge kéint bauen, setzt d‘Soler op d‘Zesummenaarbecht, erkläert de Guy Uhres, Member vum Kommitee :
„Mir kucken, wou mir Projeten duerchféiere kënnen a ginn dann op d‘Gemengen duer oder mir gi vun engem Klimateam aus der Gemeng kontaktéiert a kucken eis dann de Site un. An deem Fall ass et méi einfach, well een da schonn e Fouss an der Dier huet“. Bis lo hätt een nach ni ouni den Accord vun enger Gemeng gebaut.
D‘Wandmillen hunn eng Liewensdauer vu 25 Joer. Ee Joer géif et daueren, bis de Klimabilan positiv gëtt. D‘Bestanddeeler wieren, bis op d‘Rotorblieder aus Glasfaser, einfach ze recycléieren, seet de Paul Zeimet, Direkter vun der Soler. Déi Blieder géifen zerklengert an da verbrannt ginn. D‘Äsche géingen dann als Sandersatz an der Zementindustrie benotzt ginn. D‘Verbrennen an och d’Bäimëschen an den Zement wier ongeféierlech fir de Mënsch, dat géif schonn zanter Jore gemaach. Eng Praxis, déi vun Ëmweltschützer ëmmer nees kritiséiert gëtt, well mëttlerweil eng ganz Rëtsch eeler Wandmillen ofgerappt an ersat musse ginn, also e “Repowering” gemaach gëtt. D‘Offer fir recyclabel Palle géif awer lues klammen, seet de Paul Zeimet.
Soler bedreift aktuell 38 Wandmillen - dëst Joer sollen der eng 10 dobäi kommen. Am ganze Land wieren der dann 73 aktiv. D‘Produktioun klëmmt vun 2021 op d‘nächst Joer ëm 25%.
De Paul Zeimet weist sech optimistesch, dass ee mat den neien, méi effikasse Wandmillen d‘Klimaziler fir 2040 scho kéint 2030 erreechen, also eng ronn 1.100 Gigawattstonne Stroum aus Wandenergie. Dobäi kréich een duerch den technologesche Progrès ëmmer méi Stroum aus ëmmer manner Wandmillen. Dee Moment kéint een da wuel schonn de ganze private Stroumverbrauch (Eng 15% vum ganze Stroumverbrauch) mat Wandenergie decken. Lëtzebuerg wäert awer eleng wéinst der Industrie wuel ëmmer Stroum bäikafe mussen, mengt ee bei der Soler, well d‘Land relativ kleng ass an net onendlech Sitte fir Wandmillen zur Verfügung stinn.