
Géint 12.20 Auer e Mëttwoch de Mëtteg war éischten Erkenntnisser no kuerz nom Gaasperecher Kräiz en Auto an en anert Gefier geknuppt, dat wuel op enger vun den Iwwerhuelspuere stoung. D’Automobilistin vum Won, dee stoung, gouf dobäi am Gefier ageklemmt a schwéier verwonnt. No enger Éischtversuergung op der Plaz koum d’Fra an d’Spidol.
D’Police mellt, datt déi 22 Joer al Fra e Mëttwoch den Owend nach un de Suitte vun hire schwéiere Blessure gestuerwen ass.
D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz an dräi Spuere ware fir d’Dauer vun de Rettungs- an Opraumaarbechte fir de Verkéier gespaart. Wéi de CGDIS schreift, waren de Samu an d’Rettungsdéngschter aus der Stad op der Plaz.
RTL-News: A Richtung Belsch: Ee schwéier Blesséierte bei Accident op der A6