
Géint 12.20 Auer ass éischten Erkenntnisser no kuerz nom Gaasperecher Kräiz en Auto an en anert Gefier geknuppt, dat wuel op enger vun den Iwwerhuelspuere stoung. D’Automobilistin vum Won, dee stoung, gouf dobäi am Gefier ageklemmt an uerg verwonnt. No enger Éischtversuergung op der Plaz koum d’Fra an d’Spidol.
D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz an dräi Spuere ware fir d’Dauer vun de Rettungs- an Opraumaarbechte fir de Verkéier gespaart.
Wéi de CGDIS schreift, waren de Samu an d’Rettungsdéngschter aus der Stad op der Plaz.

Iwwerdeem waren zwou Stonne méi spéit zu Räichel an der Rue de Redange en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun esou schro blesséiert, datt d’AirRescue nieft de Rettungsdéngschter vu Réiden um Asaz waren.
D’Ambulanciere vu Jonglënster an d’Pompjeeë vu Miersch waren da kuerz no 15 Auer op en éischter ongewéinlechen Asaz geruff ginn. Zu Miersch an der Rue de Colmer-Berg goufen zwou Persoune blesséiert, wéi si mat engem Auto an e Lach gefall sinn.
Kuerz viru 16 Auer koum et zu Uespelt an der Fëlschdrefferstrooss dann nach zu enger weiderer Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren d’AirRescue an d’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, Uespelt, Fréiseng a Réiser.
E weidere Blesséierte gouf et an der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier, nodeems géint 16 Auer en Auto an eng Roulotte anenee gerannt sinn. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz.