Bilan Verkéiersaccidenter22 Leit sinn zejoert op eise Stroosse gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat si 14 Doudesaffer manner wéi 2018. Déi Chifferen huet de Mobilitéitsminister e Mëttwoch de Mëtteg op enger Pressekonferenz genannt.
Bilan Verkéiersaccidenter
22 Leit sinn zejoert op eise Stroosse gestuerwen.

39% manner Doudeger, 29% manner déidlech Accidenter an 9% manner schwéier Blesséierter: Dat sinn déi méi positiv Zuele vum Bilan vun de Verkéiersaccidenter 2019 op eise Stroossen, déi am Mobilitéitsministère presentéiert goufen. Woubäi d'Zuel vun den Accidenter mat Kierperschied zejoert ëm 4% geklommen ass an am Ganzen 22 Doudesaffer am Trafic ze bekloe waren.

38% vun den Affer tëscht 25 a 34 Joer

Ënnert den Doudege waren zum Beispill zwee Foussgänger an 3 Persounen, déi kee Gurt unhaten. Bei 8 déidlechen Accidenter ass e Won an e Bam gerannt. 38% vun den Affer waren tëscht 25 a 34 Joer al.

Déi meeschten Accidenter geschéien am Summer an am Hierscht. D'Zuel vu Verkéiersaccidenter mat schwéier Blesséierte louch zejoert bei 248 Mënschen. Dat sinn der 25 manner am Verglach zu virzejoert.

Bilan Verkéiersdoudeger 2019 / Rep. Eric Ewald

Niddregsten Niveau an de leschten 10 Joer

Et ass een awer mat deem Chiffer um niddregsten Niveau an de leschten 10 Joer ukomm. Dat bei enger Populatioun, enger Zuel u Frontalieren an engem Fuerpark, déi wuessen.

D'Zuelen hu sech verbessert, huet sech de François Bausch gefreet, dat virum Hannergrond vum europäeschen Zil fir d'Joren 2010 bis 2020: „Dir gesitt: Enn dëses Joers, wa mer géifen den EU-Target wëllen erreechen, da misste mer bei 16 Doudege maximal landen!"

En Objektiv, dat allerdéngs mat, bis elo, dëst Joer 17 Doudege schonn net méi z'erreechen ass. Den Trend wär awer positiv a Lëtzebuerg an der EU dat 6.-bescht Land, wat d'Doudesaffer pro Millioun Awunner betrëfft. Virun eis leien ënnert anerem skandinavesch Länner an Holland: „Dat sinn natierlech och déi Länner, déi Mesuren, déi mir elo geholl hunn an de leschte Joren, scho vill méi laang geholl hunn, vill méi streng gi sinn, och an der Preventioun zimmlech Virreider sinn. Dofir hunn déi Zuelen, déi nach besser si wéi eis, mä mir kommen awer no an no un déi erun!"

Motorrieder: Sensibiliséierungscampagne huet gewierkt

De Mobilitéitsminister huet donieft betount, dass d'Campagne, déi Motoe cibléiert hat, gewierkt huet: „Dat Joer virdru ware vill méi Motorrieder implizéiert. Dir gesitt: Elo si mer bei 3!"

68% vun den Doudege koumen 2019 hei aus dem Land, déi déidlech Accidenter si virun allem op Landstroossen an am Summer geschitt a waren absënns op Kollisioune mat Beem zréckzeféieren. D'Grënn fir Accidenter hunn net geännert, mat, an där Reiefolleg, Vitess, Alkohol/Drogen a geféierlecht Verhalen.

Vum Paul Meyers, Direkter vun der Administration des Enquêtes techniques, waren et dozou ënnert anerem nach dës Constaten: „Alkohol hate mer 9 Mol am Spill, Cannabis 3 Mol, haart Drogen eng Kéier, 6 Mol sinn d'Leit iwwert d'Mëttellinn gefuer."

Hält ee sech d'Kaart vum Land virun Aen, da goufen iwwregens vun den 3 déidlechen Accidenter mat Motoen der zwee a vun deenen 18 ouni Motoen der 10 op oder iwwert der Mëtt vum Land notéiert.

Nach méi Sécherheet op eise Stroossen

Fir d'Sécherheet ze verbesseren, wëll een an Zukunft Streckeradaren an Tunnellen installéieren. Déidlech Accidenter geschéie besonnesch op de Landstroossen. Fir d'Sécherheet ze verbesseren, gëtt och op Sensibiliséierung gesat.

Communiqué

François Bausch a présenté le bilan des accidents de la route 2019 (29.07.2020)

Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

D'emblée, François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Mobilité et des Travaux publics a relevé les faits marquants du bilan de la route 2019 : tandis que le nombre total d'accidents sur les routes luxembourgeoises était en légère hausse, le nombre de victimes mortelles a connu une baisse historique : 22 morts étaient impliqués dans un total de 22 accidents. Le nombre de victimes grièvement blessées était également en baisse.

Parmi les faits saillants, l'on note que la vitesse est toujours la cause dominante des accidents de la route et que l'alcool au volant a connu une tendance alarmante en 2019. Par ailleurs, un comportement dangereux au volant, comme le chevauchement de la ligne de sécurité ou des manœuvres fautifs de dépassement, a également eu un impact négatif sur la sécurité routière au Luxembourg.

Les statistiques montrent d'une part que les collisions entre véhicules étaient prédominantes et d'autre part que les arbres et autres obstacles fixes étaient la cause de beaucoup d'accidents graves.

A noter également que l'âge des conducteurs présumés responsables des accidents mortels et graves oscille entre les 25 et 34 ans dans 38% des accidents et entre les 18 et 24 ans dans 29% des cas. Contrairement à l'opinion publique, ce ne sont pas majoritairement des jeunes conducteurs qui sont imprudents, mais la population active plus âgée.

«Bien que les chiffres montrent une tendance générale positive, nous devons continuer nos recherches sur la cause des accidents et adapter en permanence nos moyens de lutte contre l'insécurité routière. En l'occurrence, je souhaite équiper, aussi vite que possible, nos tunnels de radars tronçon. Il faut que nous nous rendions compte qu'un tunnel, de par son gabarit et la visibilité réduite, présente un risque énorme d'accident en cas d'un excès de vitesse », a annoncé François Bausch.

Back to Top
CIM LOGO