
D’Kontroll war tëscht 10 an 12 Auer op der N12 tëscht Bidscht an dem Heischtergronn.
Bei 8 Chauffere waren d’Pabeieren net an der Rei, iwwerdeems ee kee valabele Fürerschäi konnt virweisen.
Ee Chauffer gouf protokolléiert, well een d’Nummereschëld net gutt liese konnt. An zwee Fäll hunn déi obligatoresch Reflekteren hannen um Motorrad gefeelt.
Zwee Protokoller gouf et dann, well d’Beliichtung um Gefier defekt war, an ee well d’Pneuen net méi genuch Profil haten.
A 4 Fäll haten d’Chauffere keen homologéierten Helm un, wärend bei engem weidere Motorrad technesch Ännerunge gemaach goufen, déi net agedroe waren.
2 mol hunn d’Chauffere musse bezuelen, well den Auspuff net an der Rei war.
