Uerteel am Appell240 Stonne Sozialaarbecht well 3 Ambulanciere menacéiert

RTL Lëtzebuerg
An 1. Instanz waren et als Strof nach 6 Méint feste Prisong ginn. De Mann hat 3 Ambulancieren a sengem Appartement agespaart. Kee Kommentar vum CGDIS.

"Mir huelen dat zur Kenntnis, bezéien awer keng Stellung dozou!" Sou huet de CGDIS e Mëttwoch am Nomëtten op en Uerteel, kuerz virdrun, vun der Cour d'appel an der Stad reagéiert.

Déi hat dunn e Mann, deen am Mee 2017 zu Déifferdeng 3 Ambulanciere bedreet hat, déi komm waren, fir him ze hëllefen, "just" nach zu 240 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet condamnéiert. Dat no nach 6 Méint festem Prisong an 1. Instanz an obwuel d'Vertriederin vum Parquet général am Appellprozess d'Confirmatioun vun där Prisongsstrof gefrot hat.

Iwwert déi elo gesprache Sozialaarbecht eraus muss de Mann der Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter awer nach de symboleschen Euro an den Ambulancieren zesummen 1.300 € Schuedenersatz bezuelen. Hien hat déi 3 Ambulanciere virun net grad zwee Joer ë.a. bal annerhallef Stonn net aus sengem Appartement erausgelooss.

Wéi no deem Uerteelssproch beim "Corps grand-ducal d'incendie et de secours" op Nofro hi gewuer ze gi war, géif een de Gesetzprojet iwwert d'Bestrofe vun Aggressioune vun Hëllefsdéngschter ofwaarden, deen um Instanzewee ass. En Avant-projet de loi dozou war am Juni vum Justizminister Felix Braz a vum deemolegen Inneminister Dan Kersch virgestallt ginn; doduerch sollt den Artikel 410-2 vum Code pénal ergänzt ginn. An zwar an deem Sënn, dass Leit, déi Secouristen drun hënneren, fir Persounen an Nout ze hëllefen, an Zukunft Prisongsstrofe vu bis zu 5 Joer a Geldstrofe vu bis zu 10.000 € riskéiere géifen.

Iwwert deen Artikel 410-2 vum Code pénal kënne bis elo just Leit bestrooft ginn, déi Persounen an Nout net gehollef hunn; an Zukunft soll eben dobäikommen, dass ee Secouristen net däerf drun hënneren, fir sou Persounen zur Hëllef ze kommen. Viru 7 Méint hat den deemolegen Inneminister Dan Kersch dovu geschwat, dass zejoert bis dohin, also bis an de Juni, scho 25 Fäll vun Aggressioune vu Secouriste gemellt gi waren, dorënner der zwee, an deenen der mat Waffen oder anere Géigestänn bedreet goufen.

De Me Lanoue, Affekot vum Veruerteelten, huet sengersäits e Mëttwoch vun enger gudder Decisioun geschwat: D'Cour d'appel hätt sech éischter fir eng Reparatioun wéi fir eng Bestrofung entscheet! Sou kënnen d'Meenungen ausenee goen ...

Back to Top
CIM LOGO