Cour d'Appel25.000 Euro wéinst Viol a Sequestratioun gefuerdert

Kevin Kayser
Op der Cour d'appel an der Stad gouf sech en Dënschdeg am Nomëtte mam zivilrechtleche Volet vun enger Affär vun ënner anerem Viol a Sequestratioun befaasst
© AFP

Dowéinst war e Mann an zweeter Instanz zu 10 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis probatoire, veruerteelt ginn. Zu den Oploen hat ënner anerem gehéiert, dass hie sech misst psychiatresch behandele loossen. Donieft sollt hien den zwee Affer am Ganzen 30.000 € Schuedenersatz bezuelen.

En Dënschdeg goung et awer "just" ëm de Schuedenersatz an Héicht vu 25.000 € fir déi eng Fra, d'Haaptaffer.

Viol viru Geriicht / Reportage Eric Ewald

Et war dem Mann virgehäit ginn, si tëscht Abrëll an August 2011 e puermol an engem Café zu Nidderkuer vergewaltegt ze hunn. Si wär och eng Kéier iwwer e Mount vum Mann festgehale ginn. Dat zweet Affer sollt iwwerdeems am Juli 2010 eemol vum Mann violéiert gi sinn, mä dorëms goung et haut net. Du gouf sech ebe mat de Faiten aus dem Joer 2011 géintiwwer där 1. Fra beschäftegt.

Iwwerdeems d'Me Fahime-Ayadi, Affekotin vum Ugekloten, gefrot huet, dass de Schuedenersatz fir dës Fra manner héich ausfale sollt, wollt de Me Marc Lentz, Affekot vum Affer, de Montant confirméiert gesinn. Iwwer e puer Méint wär vun der Fra abuséiert ginn. Si wär dem Mann ausgeliwwert gewiescht an hätt keen aneren Auswee gesinn, wéi e Feier ze leeën. Si war dann och am Appell wéinst Brandstëftung zu 10 Joer Prisong mat Sursis veruerteelt ginn. Aus där Affär wär déi heiten ervirgaangen. De Mann hätt seng Strof dofir kritt, ma d'Liewe vun der Fra wär e grousst Chaos an hir psychiatresch Problemer wäre Suitte vun de Faiten. Wouropshin de Beschëllegten um Enn vun der Sëtzung sot, hien hätt, Zitat, „ni sou eppes gemaach“.

D'Appellsuerteel op zivilrechtlechem Plang ass fir de 26. Februar.

Back to Top
CIM LOGO