Ateliers protégés25. Mee sollen déi éischt Mataarbechter mat Behënnerung nees schaffen

Monica Camposeo
Am Confinement hunn och d'Ateliers protégés missen zoumaachen. Hei schaffe Mënsche mat Behënnerung a verschiddene Beräicher.
Ateliers protégés a Corona-Zäiten
Am Confinement hunn och d'Ateliers protégés missen zoumaachen. Hei schaffe Mënsche mat Behënnerung a verschiddene Beräicher.

Beräicher wéi der Gaardenaarbecht, dem Catering oder der Dekoratioun. Mä wéi ass d’Aarbecht am Confinement verlaf a wéi soll d’Reprise elo organiséiert ginn? D’Monica Camposeo huet sech an engem Atelier Protégé zu Réiden ëmgekuckt.

56 Mataarbechter a Mataarbechterinne mat Behënnerung schaffen normalerweis am Atelier protégé "Op der Schock" zu Réiden. Zanter dem Ufank vum Confinement Mëtt Mäerz kënnen awer nëmmen déi ronn 80 Encadranten a Chef d’équipes an de verschiddenen Ateliere schaffen.

"D’Aarbecht ass elo eng aner, mä et muss gekuckt ginn, dass alles gemaach gëtt. An eis Encadrante soen och, dass si dat mierken, dass Leit feelen. Et si jo awer 56 Mataarbechter mat Behënnerung, déi grad net schaffen an dat mierkt een.", esou d'Nicole Fisch, Direktesch "Op der Schock".

De 25. Mee sollen déi éischt Mataarbechter mat Behënnerung nees op hir Aarbechtsplaz kommen. Mä bis et sou wäit ass, muss nach villes beduecht an organiséiert ginn.

"Mir hunn en Dossier ausgeschafft mat Piktogrammen, wou mer erkläeren, wéi ee sech d’Hänn wäscht, mat de verschidden Etappen.", esou nach d'Nicole Fisch.

Well de Buttek natierlech och Mëtt Mäerz huet missen zoumaachen, ass een awer kreativ ginn. Déi selwer gemaache Produite konnten online bestallt ginn an de Client ass d’Commande da virun de Buttek siche kommen.

"D’Produite si fotograféiert an numeréiert ginn an da konnten d’Leit alles op eiser Facebook-Säit gesinn. Mat enger Mail un info@ods.lu kann een dann d’Bestellung ofginn an da virun de Buttek sichen kommen. Dat huet ganz gutt geklappt. An och eis Mataarbechter waren immens frou, dass déi Saachen, déi si nach virum Lockdown gemaacht hunn, verkaaf gi sinn."

Well den Online-Verkaf esou e grousse Succès war, soll de System och elo, wou de Buttek nees op ass, bäibehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO