Police-Statistike vun 202225% méi Affären traitéiert wéi 2021 - D'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg geet erop

Diana Hoffmann
Pierre Jans
En Dënschdeg huet d'Police am Kader vun enger Pressekonferenz d'Zuele vun den Infraktiounen, zu deenen et zejoert komm war, presentéiert.
D'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg geet erop
Iwwer 54.000 Verstéiss waren et: net grad 150 den Dag. Dat ass eng Hausse vu 27 Prozent par Rapport zu 2021. Abréch a Fäll vu Cyber-Kriminalitéit hunn zougeholl

D’Zuel vun den Affären, déi vun der Police 2022 traitéiert gi sinn, sinn ëm 25 Prozent am Verglach zu 2021 an d’Luucht gaangen. An absolutten Zuele waren dat bal 38.000 Dossieren oder besser gesot 54.000 Verstéiss. Also ronn 150 Verstéiss pro Dag. Bei zwee Drëttel vun den Infraktiounen huet et sech ëm sougenannten Eegentumsdelikter gehandelt.

Police-Statistike vun 2022 / Reportage Diana Hoffmann

Dës sinn opgeschlësselt an Abroch, Abroch an Autoen, arméierten Iwwerfall, Déifstall mat Gewalt an “einfachen” Déifstall, deen ee Véierel vun allen Infraktiounen hei am Land ausmécht. “2022 goufen der Police iwwer 11.000 Vols simples gemellt”, sot de Pascal Peters, Direkter vun der administrativer Police. Dorënner ass den Déifstall vum Portefeuille oder deen an engem Geschäft.

Et wier hei am Land keng aner Entwécklung ze observéieren, wéi och aus de Statistike vun den Nopeschlänner ervirginn, huet de Grénge Policeminister Henri Kox betount.

Eng signifikant Augmentatioun am Verglach zu 2021 gëtt et beim Déifstall vu Bensinn, dee 45 Prozent (5.096 Fäll) vun de sougenannte Vols simples ausmécht. Och bei de Meldungen am E-Kommissariat ass de Vol vu Bensinn vir, mat 90 Prozent vun allen Affären.

D’Iwwerfäll mat Uwendung vu Gewalt goungen och an d’Luucht. Vu 505 am Joer 2021 op 591. Bei 38 Prozent (225 Fäll) ass en Handy geklaut ginn. Beim Iwwerfall mat Gewalt gouf festgestallt, dass d’Täter jonk waren. Zwee Drëttel ënner 25 Joer, iwwer een Drëttel dovunner esouguer ënner 18 Joer.

Bei 89 Fäll, déi der Police gemellt goufen, war eng Waff am Spill. Woubäi eng Waff alles ass, wat ka blesséieren. Dat si 7 Prozent manner Fäll wéi 2021. Direkt doru liéiert: Infraktioune géint Persounen. Iwwer 3.300 mol Coups et blessures volontaies. Bal 400 méi ewéi 2021. An 80 Prozent war d’Affer just liicht blesséiert.

© Police

Néng Geschäfter goufen zejoert iwwerfall a siwen Tankstellen. Sechs Mol huet d’Police 2022 e Mord festgehalen an dräi Mol en Doudschlag. Och wann dës Delikter vill an de Medien erëmfonnt ginn, maache si knapp 0,1 Prozent vun de Crimmen aus. Hei bleift ze preziséieren, dass sech an de Statistiken net erëmfënnt, wat d’Justiz herno zréckgehalen huet. All d’Morde goufen opgekläert.

E weidert Phenomen, wat staark an d’Luucht gaangen ass (+2.390 Fäll), ass dat vum Bedruch. Besonnesch am Internet. Hei huet d’Police nach eng Kéier gewarnt. “Wann zum Beispill de Profit, dee versprach gëtt, ze gutt ass, fir wouer ze sinn, da sollt ee skeptesch sinn”, huet de Marc Wagner, vun der Police Judiciaire betount. Och bei Uriff, wou eng Persoun virgëtt, an Nout ze sinn, oder wou Sue gefrot ginn, soll ee virsiichteg sinn. Divers Campagnë sollen an Zukunft d’Leit zu dësem Sujet sensibiliséieren. 2022 goufen der Police 4.689 Bedruchsfäll gemellt.

D’Abréch a Wunnengen an Haiser sinn och eropgaangen. Well een 2022 net ka mat der Covid-Period vergläichen, gëtt als Referenzjoer 2019 geholl. Hei goufen et eng 11 Prozent méi. Eng 1.600 reusséiert Abréch an 1.400 Tentativen. Ze präziséieren ass, dass et sech bei iwwer 50 Prozent awer ëm Abréch a Kelleren, besonnesch vun Appartementshaiser gehandelt huet. Bei dësen, genausou wéi bei de 1.600 Abréch 2022 an Autoen, géing et sech dacks ëm Beschafungskriminalitéit handelen. Fir de Policeminister ass dëst e gesellschaftleche Problem, well d’Aarmut ganz dacks e Grond wier, wisou d’Abréch zouhuelen.

Et géing een d’Chifferen eescht huelen a wéilt näischt verharmlosen, huet den Henri Kox déi rezent Statistike kommentéiert. Hie géing der Police d’Moyene ginn, mä et géing sech hei ëm eng gedeelte Responsabilitéit handelen.

Bei der Transparenz vun den Donnéeë versprécht de Minister Besserung. Et wéilt ee méi investéieren a besser ginn. Dofir wäert ee sech en neien Outil informatique ginn, vun deem ee sech besser Rechercheméiglechkeeten erwaart.

LINK: All d’Detailer fannt Dir um Site vun der Police

Back to Top
CIM LOGO