Camionskontrollen op der A627 Gefierer goufe protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien huet d'Police op der A6 Camione kontrolléiert. Vu 45 kontrolléierte Gefierer krute 27 e Protokoll.
© Police

Bei engem Chauffeur war e Pneu vum Unhänger sou ofgenotzt, datt d'Gefier sur place huet missen immobiliséiert an de Pneu gewiesselt ginn.

En anere Camion huet 5 Bëtongsbléck transportéiert, déi net richteg geséchert waren.

15 Chaufferen hunn sech net un d'Rouzäite gehalen.

© Police

Back to Top
CIM LOGO