
De Visiteur hat Kleeder fir een inhaftéierte Familljemember matbruecht, wéi bei enger Routine-Sich duerch déi perséinlech Géigestänn e Stéck Pabeier an enger Boxentäsch fonnt gouf. D'Stéck Pabeier war awer net esou harmlos, wéi et op den éischte Bléck villäicht ausgesinn huet. Wéi d'Beamten de Pabeier ausernee gediebelt hunn, hu si ee wäisse Polver fonnt, dee sech bei enger Analys als Opioid erausgestallt huet.
De Fall ass direkt weider u Police a Parquet gaangen an de Visiteur gouf festgeholl an duerno virun den Untersuchungsriichter bruecht. De Parquet weist dorop hin, datt Drogeschmuggel an de Prisong eng schwéier Strofdot ass, déi deementspriechend haart bestrooft ka ginn. Onofhängeg vun der Quantitéit géif all Persoun, déi versicht, eppes an ee Prisong eranzeschmuggelen, op Uerder vum Parquet systematesch festgeholl ginn a misst juristesch Suitte fäerten. Bis zu 5 Joer Prisong si méiglech. De Parquet erënnert och drun, datt et an de Prisonge streng Kontrolle ginn, déi "kontinuéierlech, grëndlech a verstäerkt" géife gemaach ginn.