
Op den éischte Bléck hat ee kënne mengen, do géif sech eng Aart Tornado zesummebrauen. De Wiederphenomen, dee just ronn 10 Minutten z'observéiere war, huet sech um Enn als sougenannten Triichterwollek erausgestallt. Den engleschen Term dofir ass "Funnel Cloud". Wéi esou Wolleken entstoe kënnen, huet eis de Luca Mathias, Meteorolog bei Meteolux, erkläert:
An de soziale Medie war spekuléiert ginn, et wier en Tornado gewiescht. Dat war hei awer kloer net de Fall, sou de Luca Mathias:
Um Enn hate mir et hei mat engem éischter ongeféierleche Phenomen ze dinn. Trotzdeem ass Meteolux awer frou, wa si esou Observatioune matgedeelt kréien:
All Weider Informatiounen op meteolux.lu.
