D'Initiative vun der Luxembourg Transition-Plattform gouf och dëst Joer nees zu Esch organiséiert. Ma wat soss esou natierlech gewierkt huet, bréngt d'Leit haut op Distanz. Friem Leit kenneléieren a zesummen op engem Dësch sëtzen – et war d'Zil zu Esch d'Convivialitéit an d'sozial Vernetzung tëscht de Matbierger och wärend Corona ze ënnerstëtzen.
Den Hasan Yousef ass zanter 5 Joer zu Lëtzebuerg. Original aus Syrien geflücht, huet hie säin Doheem am Grand-Duché fonnt. Zanter Jore kacht hien, benevole, ëmmer nees fir Leit, esou och um Samschdeg.
Den Hasan Yousef, Hobby Kach:
„D'syresch Kichen ass am Fong zimmlech bekannt. Mais bei wäitem net Jjddereen hat bis elo d'Chance se ze schmaachen. An haut hunn ech d'Chance de Leit Chance e bësse Goût vun eiser Cuisine matzeginn.“
Op engem 40 Meter-Dësch, an der Rue du Clair-Chêne, hunn d'Leit sech kennegeléiert, gebaut, gemoolt, geschaaft an z'iesse kritt. Villfalt, dat bescht géint Eefalt an engem Land mat iwwer 170 Nationalitéiten. Um Menü: Falafel, Taboulé, an natierlech: Social Distancing.
D'Nathalie Pott, Organisatrice „All un den Dësch“:
„Distanze vun 1,5 Meter sinn agehalen. Mir sinn dobaussen. D'Leit hunn hir Masken un. Mir freeën eis nees d'Kultur zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.“
Den ëffentleche Raum notzen an d'Leit aus alle Kulturen zesummebréngen. Dat ass d'Grondiddie vum „All un den Dësch“. Besonnesch wärend enger Pandemie.
„Et spiert ee schonn, datt d'Leit nach zécken an Angscht hunn. D'Leit hate sech elo awer fir haut ugemellt. Den Dësch ass voll. D'Leit sinn dann awer warscheinlech méi op a bereet, ewéi ee géif mengen.“
Ganz geselleg goung et hier. D'Resultater vum kreativen Nomëtteg sollen owes an de Beem ronderëm d'Strooss opgehaange ginn. An och d'Iesse vum Youssef, huet geschmaacht.
