Verfassungsrevisioun3. Kapitel iwwer d'Rechter an d'ëffentlech Fräiheete gouf ugeholl

Claude Zeimetz
Nieft den dräi Majoritéitsparteien hunn och d'CSV an d'Piraten dofir gestëmmt, esou datt d'Ännerung déi néideg 2/3-Majoritéit krut.
© RTL-Archivbild

D’ADR huet dogéint gestëmmt an eng weider Referendumsprozedur iwwert dat do Kapitel gefrot. Déi Lénk hu sech beim Vott enthalen.

Verfassungsrevisioun / Reportage Claude Zeimetz

Mat der neier Verfassung gëtt sech op europäescht an internationaalt Recht baséiert an d’Verfassung de gesellschaftlechen Evolutioune vum 21. Joerhonnert ugepasst a moderniséiert. Nieft de Grondrechter an de Biergerrechter ginn eng éischte Kéier och Staatsziler am Grondgesetz verankert. Zu deene Staatsziler, déi net viru Geriicht ageklot kënne ginn, gehéiert ënnert anerem de Klimaschutz, Recht op Wunnen, Recht op Aarbecht a Sozialdialog, Déiereschutz oder zum Beispill nach den Accès zur Kultur.

D’Verfassungskommissioun huet ënnert anerem d’Notioun vun der Famill moderniséiert an d’UNO-Kannerrechtskonventioun gëtt mat der Verfassungsrevisioun och zu Lëtzebuerg an der Verfassung verankert. De Schutz vum Kand soll iwwert allem stoen.

D’Co-Rapportere vu Simon Beissel (DP), Léon Gloden (CSV) a Mars di Bartolomeo (LSAP) hunn alleguerten an hire Rieden d’Duerstellung vun der ADR an d’Kriticken un der Verfassungsrevisioun vun där Partei als “Fake News” a “Populismus” zeréckgewisen. Ze behaapten, mat der Verfassungsrevisioun géif d’Auslännerwalrecht duerch d’Hannerdier agefouert, wier absolut falsch, huet d’Rapportrice fir d’Kapitel “Rechter a Fräiheeten”, Simone Beissel, betount, déi och der alternativ demokratescher Reformpartei hiert verstëbste Familljebild bedauert huet a gemengt huet, de Fernand Kartheiser “sollt sech schummen”. Een, dee behaapte géif, mat der neier Verfassung géif Polygamie zu Lëtzebuerg erlaabt, “hätt e Rass an der Schossel”, sou den CSV-Deputéierte Léon Gloden.

Besonnesch d’Kapitel iwwert d’Rechter a Fräiheete wier am Dialog mam Bierger geschriwwe ginn, huet de Co-Rapporter Mars di Bartolomeo vun der LSAP betount. Et kéint een deemno och net behaapten, d’Verfassung wier am “stillen Kämmerlein” ausgeschafft ginn.

De Fernand Kartheiser ass sengersäits bei der ADR hirer fundamentaler Kritik um Verfassungstext bliwwen. Den Oppositiounsdeputéierten huet vu “Fléckwierk” an engem schlecht formuléierten Text geschwat, mat deem d’Kommerzialiséierung vum Kand zu Lëtzebuerg géif Realitéit ginn. Och der ADR hir Warnung virun der Aféierung vum Auslännerwalrecht huet hien nach emol widderholl.

D’Nathalie Oberweis vun déi Lénk huet bedauert, et wier mat der Verfassungsrevisioun eng Chance verpasst ginn. Den Text wier just de klengst méigleche gemeinsamen Nenner vun de Majoritéitsparteien an der CSV. Wat hunn d’Bierger konkret vun de Staatsziler? Dat huet d’Deputéiert vun déi Lénk gefrot. De Volet iwwert d’Rechter a Fräiheete wieren dat enttäuschendst Kapitel vun der Verfassungsrevisioun.

Iwwerdeems de Sven Clement vun der Piratepartei op en Neits bedauert huet, datt d’Versprieche vum Verfassungsreferendum net gehale gouf an datt mat der Formulatioun “les luxembourgeois sont égaux devant lal loi”, d’Hallschent vun de Bierger am Text ausgeschloss géif ginn. D’Piratepartei huet d’Verfassungsrevisioun, anescht wéi déi Lénk an d’ADR, awer matgestëmmt.

Héich Spritpräisser an neit Covid-Gesetz

D’CSV huet um Enn vun der Sitzung wéinst der fulminanter Hausse vun de Spritpräisser gefrot, datt d’Regierung en Donneschdeg an der Chamber eng Deklaratioun misst maachen. Den Ordre du jour vun der Chamber sollt deementspriechend geännert ginn. Den Energieminister Claude Turmes huet matdeele gelooss, hie wier vu 15 Auer un disponibel.

Extrait Michel Wolter

Dat neit Covid-Gesetz gëtt e Freideg de Mëtteg gestëmmt, huet de Parlamentspresident Fernand Etgen nach annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO