
Gëtt deemnächst eng Tripartite aberuff oder net? Déi Fro kéint am Laf vun der nächster Stonn beäntwert ginn, wann de Premier Luc Frieden sech nom Regierungsrot äussert. Bis elo huet hien ëmmer drop verwisen, datt et sech bei der Tripartite ëm ee Kriseninstrument handelt an de Moment dofir nach net komm wier. Dat schéngt sech awer lo geännert ze hunn. Där Meenung ass een op alle Fall bei der CSV, där hire Generalsekretär Alex Donnersbach am RTL-Interview seet, datt een duerch d'Hausse vun den Energiepräisser, ausgeléist duerch den Iran-Krich, op eng Kris histeiert. Gläichzäiteg ënnersträicht hien, datt eng Tripartite keen Allheelmëttel wier.
"Eng Tripartite ass keng Léisung, mee ee Format, wou dräi Partner zesummen un een Dësch kommen, fir gemeinsam Äntwerten op eng Kris ze fannen. Dowéinst braucht et natierlech och den Asaz vun all de Partner, d'Bereetschaft Kompromësser ze maachen, well et geet natierlech och dorëm, datt een dee selwechte Constat vun der Kris och deelt. Dowéinst gesi mir als CSV, datt eng Tripartite an deenen nächste Woche virbereet kéint ginn."
Den Alex Donnersbach betount zudeem, datt an éischter Linn iwwert zäitlech begrenzte Mesuren diskutéiert soll ginn, fir geziilt deene Leit a Betriber ze hëllefen, déi am meeschte vun den héijen Energiepräisser betraff sinn.
D'Gewerkschaften hunn am Virfeld schonn eng rout Linn gezunn, si géingen net iwwert eng Manipulatioun vum Index schwätzen. Ma ganz onofhängeg vum Thema Index hält de Generalsekretär vun der CSV wéineg vun esou roude Linnen.
"Ech denken, datt wann een an ee Format, eng Tripartite, erageet, wou all Partner seng Iddie soll duerleeën, d'Gewerkschafte sollen hir Iddien duerleeën, d'Patronat soll seng Iddien duerleeën, d'Regierung huet och Iddien, wat een de Cas échéant kéint maachen, wann et zu enger Tripartite kënnt. An ech denken do sollt een iwwert all Iddi kënne fräi diskutéieren."
De Koalitiounspartner DP hat sech um Méindeg an der Persoun vun der Yuriko Backes bei eis op der Antenn jo schonn oppe fir eng Tripartite gewisen. Fir den Alex Donnersbach huet d'CSV sech awer net dreiwe gelooss. Et hätt een eng Tripartite ni ausgeschloss an et géing ee mat der DP op enger Linn leien