
Déi jonk Fuerscher a Gewënner vum nationale Concours "Jonk Fuerscher" kruten den zweete Präis op der "Taiwan International Science Fair" zu Taipeh fir hiren ausseruerdentleche Projet am Beräich Engineering: engem Modular concrete 3D printer, deen de Bau vun Haiser méi bëlleg maache soll.
Op der offizieller Gruppefoto steet de Lëtzebuerger Trio zimlech lénks: Valentin Ringlet (3.v.l.), Alex Muller (4.v.l.) a Maverick Schmit (5.v.l.), op dem Ausschnëtt hei drënner stinn déi 3 jonk Fuerscher aus dem Grand-Duché an der Mëtt.

22 Länner ware vertrueden, plus Taiwan als Organisateur.