
En Dënschdeg de Mëtteg géint 14.30 Auer ass zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss eng Persoun ugestouss ginn. Wéi uerg si blesséiert gouf, ass net gewosst, ma dem CGDIS no waren d'Ambulanz an de Samu vun Esch op der Plaz an d'Pompjeeë vu Beetebuerg a vun Diddeleng.
Géint 16.20 Auer goufen dann zu Steebrécken an der Rue de Luxembourg zwou Persounen ugestouss. Si goufe liicht blesséiert. D'Ambulanz vun Diddeleng an d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng waren am Asaz.