Handwierkerkummer30 konkret Proposen un déi politesch Parteien

Claude Zeimetz
Fir den Optakt vum Superwaljoer huet d'Handwierkerkummer rezent 30 konkret Proposen un déi politesch Parteien adresséiert.

Hei geet et bei déi 30 ProposenDat an der Hoffnung, datt d’Iwwerleeungen en Néierschlag an de jeeweilege Walprogrammer fannen. D’Chambre des métiers plädéiert ënnert anerem fir Verbesserungen an der Ausbildung via eng Modernisatioun vun der Orientatioun zum Beispill. Eng konkret Iddi ass och, e BAC fir spezifesch Formatiounen am Handwierk anzeféieren. Donieft sollte Staat a Gemenge missen eng “Ablösesumme” bezuelen, wa se enger Entreprise ee forméierten Handwierker ofwerben.

Da misst déi ekologesch Transitioun an de Betriber nach méi vum Staat ënnerstëtzt ginn an nach méi e grousse Wäert op Innovatioun an Digitalisatioun geluecht ginn. D’Aarbechtszäite sinn natierlech och e Sujet fir d’Chambre des métiers. Stéchwuert hei ass méi eng grouss Flexibiliséierung an eng “Jores-Aarbechtszäit”. Eng allgemeng Aarbechtszäitreduktioun ass fir d’Handwierkerkummer dogéint keng Optioun. Vill méi missten d’Mataarbechter an Ofsprooch mam Patron decidéiere kënnen, fir hir Wochenaarbechtszäit erof- oder eropzesetzen an d’Limitatioun vu véier Sonndesstonne misst ofgeschaaft ginn.

Donieft fuerdert d’Chambre des métiers “efficace Mesuren” fir géint den Absenteismus op der Aarbecht virzegoen. Dat kéint een hirer Meenung no iwwer zwee Karenzdeeg areeche wou e Mataarbechter also keng Pai géif kréien. De Generaldirekter Tom Wirion hat sech schonn deementspriechend bei eis op der Antenn ausgedréckt.

Méi allgemeng ass d’Chambre des métiers der Meenung, d’Politik misst d’Effekter vum Wirtschaftswuesstem besser geréieren. Sief et, datt méi abordabel Wunnengen an Zesummenaarbecht mat private Baufirme geschaaft géife ginn, oder sief et, andeems méi Terrain fir Aktivitéitszone geschaaft, administrativ Chargen ofgebaut an en dezentrale Reseau vun Dechargen opgebaut géife ginn.

Och bei de Pensioune gesäit d’Handwierkerkummer Handlungsbedarf. Sou sollt progressiv de reellen Antrëttsalter un de legale Pensiounsalter ugepasst ginn an de Berechnungsmodus fir d’Pensiounen iwwerschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO