
Dat gouf e Freideg nach eng Kéier am Regierungsrot festgehalen. Potenzial gesäit ee bei der regionaler Produktioun virum allem um Niveau vum Uebst a Geméis. Fir dës besser ze promouvéieren, ass an engem Gesetzesprojet virgesinn, datt méi grouss Zäre gebaut dierfe ginn an d’Subsiden an d’Luucht ginn. Am Secteur verdeedegt een déi Pläng géint Kritik, et gëtt een awer ze bedenken, datt d’Viraussetzunge stëmme mussen.
Zanter véier Generatioune baut d’Famill Kirsch Geméis un. Si sinn ee vu deene wéinegen, wann net esouguer dee leschte professionelle Geméisbauer an der Ëmgéigend vun der Stad. De Patron Niki Kirsch gesäit de Gesetzesprojet, dee lo um Dësch läit, ganz positiv. Et sinn 20 Milliounen Euro virgesinn, fir Projeten ze ënnerstëtzen, deenen hire Käschtepunkt tëscht enger an 12 Milliounen Euro läit. Bei der Naturschutzorganisatioun Mouveco gesäit een d’Gefor, datt dovu virun allem d’Agrarindustrie profitéiere kéint. Déi Kritik deelt den Niki Kirsch net.
“Absolut net, absolut net. Dat do ass geduecht fir Betriber wéi mir, wann ee sech dat wëllt ukucke kommen. Bis 3.000 Metercarré Zären, am Glas oder am Tunnel oder am Plastik, dat ass egal. Dat ass genau geduecht dofir. A wa lo ee risegrousse Betrib sech wëllt etabléieren, deen ass iwwerhaapt net um Agrargesetz interesséiert, deen huet dach Sue genuch, fir dat ze maachen ouni Agrargesetz.”
Et wier och wichteg, datt an Zukunft rëm Zäre gebaut dierfe ginn, déi méi grouss wéi 250 Metercarré sinn. Dat géing de Präis drécken. Jonker, déi de Beruff vum Geméisbauer an der Akerbauschoul geléiert hunn, hätten elo ee gudde Kader. Ma mat der schoulescher Ausbildung eleng wier et net gedoen.
“Do gëtt et nach e puer Saachen, déi mussen dono geschéien. Si mussen onbedéngt a verschidde Betriber praktesch schaffe goen, fir sech weider Wëssen unzëeegnen wéi dat, wat se an der Schoul geléiert hunn. Dat ass ee ganz wichtege Punkt. An da kënnt dee Punkt, deen ech scho gesot hunn, déi Investitioun ass net einfach.”
E puer Geméiszorten, wéi zum Beispill Paprika an Tomaten, kéint een zu Lëtzebuerg net ubauen, well d’Produktioun am Wanter ze deier géing ginn. Ma et kéint een awer vill aner Zorten ubauen, sou datt et duerchaus méiglech wier, datt kuerzfristeg bis zu 30 Prozent vum Geméis, dat zu Lëtzebuerg konsuméiert gëtt, och vun hei kënnt.
D’Kritik, datt d’Geméisproduktioun an Zären ee grousse Waasserverbrauch mat sech bréngt, léisst den Niki Kirsch iwwerdeems net gëllen.
“Mir hunn ons Zären alleguer esou gebaut, datt se Kullangen hunn. Do leeft dat ganzt Reewaasser ënnerierdesch an ee grousse Waasserbehälter vun 3.000 Meterkibb. An am deem Waasserbehälter hu mer eng déck Pompel stoen, déi onst Waasser duerno als Waasser fir ze nätzen an d’Zären zeréckpompelt.”
Bei der Berodung géing et awer nach Loft no uewe ginn. Et hätt een zum Beispill keen Expert fonnt, deen engem hätt kënne soen, wéi vill Reen am Wanter op der Fläch vun den Zären erofgeet. Dowéinst wier de Waasserbehälter am Ufank ze kleng ausgefall an hätt mussen nodréiglech vergréissert ginn.
Wat Bioproduiten ugeet, weist den Niki Kirsch sech ganz oppen, wann dës och zu Lëtzebuerg produzéiert ginn. Et wier awer illusoresch ze mengen, datt 100 Prozent vum Geméis biologesch ugebaut kéint ginn. Wéinst dem héije Präis wier de Marché iwwerschaubar.