
Dee fatalen Incident war an der Cité Henry Grey.
E Mann vun enger externer Firma, deen un der Héichspannung geschafft huet, krut e Stroumschlag, deen déidlech war.
Fir dee 45 Joer alen Aarbechter aus Frankräich koum all Hëllef ze spéit, en ass nach op der Plaz verscheet.
D'ITM an d'Police waren op der Plaz, fir ze klären, wéi et zu deem Accident komme konnt.