
Géint 16.30 wollt d'Fra lénks an d'Avenue de Luxembourg ofbéien. Si huet der Police no wahrscheinlech de Camion, deen hier entgéintkomm ass, net gesinn. Hiert Gefier gouf op der Chauffersäit getraff. Den Auto ass géint e Bam geschleidert ginn. Si war liewensgeféierlech verwonnt an d'Spidol bruecht ginn.

Um Samschdeg um 15 Auer ass eng Fra an der Stad an der Kräizung Rue Philippe II – Rue Notre Dame vun engem Camion ugestouss ginn. Si gouf derbäi uerg blesséiert. D'Fra wier awer net a Liewensgefor.