Office Régional du Tourisme Sud5.000 Euro Schued no Vandalismus um Minett Trail

Anne Wolff
Den ORT Sud wëll de Vandalismus op hire Wanderweeër stoppen. Schonn zanter Méint beschiedegen Onbekannter d'Schëlder vum 90 Kilometer laange Minett Trail.
5.000 Euro Schued no Vandalismus um Minett Trail
Den ORT Sud wëll de Vandalismus op hire Wanderweeër stoppen. Schonn zanter Méint beschiedegen Onbekannter d'Schëlder vum 90 Kilometer laange Minett Trail.

Vandalismus Minett Trail / Rep. Sabrina Backes

Engem Wanderwee, dee queesch duerch déi ganz Regioun féiert. 50 Schëlder mussen ersat ginn, an dat kascht den ORT 5.000 Euro.

Zanter e puer Méint ginn elo schonns Schëlder um Minett Trail erofgerappt, futti gemaach oder geklaut. Des Schëlder ëmmer rëm nei opzebauen, kascht awer net nëmme vill Suen, mä och vill Energie, erkläert d'Nora Peters vum Office Régional du Tourisme Sud: „Et stécht ee wierklech vill Aarbecht dran, et hofft een, dass et de Leit gefält, et huet ee sech vill Gedanken drëms gemaach a wann et da muttwëlleg futti gemaach gëtt, ass dat natierlech frustréierend, well ee sech freet, firwat maachen d'Leit et futti, gefält et hinnen net oder ass et aus Langweil?"

D'Nora Peters betount och, datt et schonn e wäite Wee gewiescht wier, fir kënnen d'Schëlder iwwerhaapt opzehänken. Sou hu fir d'éischt emol misste Geneemegunge vun de Proprietäre vun de Bëscher ageholl ginn, fir kënnen iwwerhaapt e Wanderwee do ze maachen. Da misst een och kucken, wou Schëlder iwwerhaapt dierfen opgebaut ginn, well och hei natierlech den Naturschutz muss respektéiert ginn.

Well een awer just bis zu engem bestëmmte Punkt kann déi Schëlder ëmmer rëm ersetzen, wier eng Alternativ, dass een de Wee just nach digital via Internet ka suivéieren. Dem Nora Peters no keng gutt Alternativ: „Ech denken, wann ee wandere geet, da wëll een d'Natur genéissen an net op den Handy kucken, kucken, wou ass de Wee, sinn ech nach richteg? Eise But ass, dass de Wanderer kann trëppelen, ëmmer seng Schëlder gesäit a keng Angscht muss hunn, sech ze verlafen..."

Fir dass et awer net nach weiderhin zu Vandalismus kënnt, freet den Office Régional du Tourisme Sud dowéinst ëm Mathëllef. Se bieden d'Leit aus der Géigend, sech bei hinnen ze mellen, wa se gesinn, datt eppes futti gemaach gëtt.

Back to Top
CIM LOGO